Et ass eng wichteg Zäit fir d’Geschäftsleit. Fir déi an de Foussgängerzonen am Land an awer och fir déi, déi hiert Geschäft an enger Shopping Mall hunn. Zënter enger Woch lafen d’Solden elo an den Tëschebilan ass duerchwuess. Um verkafsoppene Sonndeg waren d’Geschäftsleit an der Stad éischter enttäuscht vum Undrang vun den Clienten.
Aneschters gesäit d’Situatioun do an de Grande-surfacë vum Land aus. Hei kann ee sech am Moment net iwwert e Manktem un Interessi bekloen. Dat léich engersäits un de Wiederkonditiounen, déi d’Leit éischter an iwwerdeckte Surfacen zitt, an awer och zum Deel un den Corona-Manifestatiounen, déi reegelméisseg weekends an der Haaptstad sinn.
Mir hunn an engem Shopping-Zenter nogefrot, wéi sech d’Kafverhalen hei verännert huet.