1. Woch SoldenManner Leit, manner Ëmsaz a méi Käschten, fir d'Diere sonndes opzemaachen

Tim Morizet
Vill Commerçante sinn nervös an d‘Soldë gestart. Fir vill vun hinnen huet sech dat schlecht Gefill och séier bestätegt.
1. Woch Solden
Vill Commerçante sinn nervös an d‘Soldë gestart. Fir vill vun hinnen huet sech dat schlecht Gefill och séier bestätegt.

Fir vill Geschäftsleit ass déi éischt Woch vun de Soldë bis ewell éischter moer ausgefall. De Manktem un Touristen, de villen Tele-Travail an natierlech déi héich Infektiounszuelen halen d‘Leit aus der Stad eraus.

A ville Geschäfter an der Groussgaass konnt eent d‘Clienten um oppene Sonnden op 2 Hänn opzielen, esou de Constat vun eisem RTL-Journalist. Zanter November hätte 40% manner Clienten hire Wee an d‘Lokaler fonnt.

Bei deene meeschte war et e relatiivt gutt Geschäft virun de Chrëschtdeeg an iwwert déi lescht 3 Méint, esou de Stater Geschäftsverband. Och wa verschidde Marke manner Leit ugezunn hunn, hätten d’Clienten méi prezis akaf an och méi deier.

D‘Solden op engem Méindeg unzefänken, wier net ganz favorabel gewiescht, bedaueren eng Rei Commerçanten. De Bilan no der éischter Woch wier enttäuschend.

Back to Top
CIM LOGO