Syndicat des P&TPost soll sech beim Rekrutement net un d'Gesetzer halen

Carine Lemmer
"Mir waren elo 10 Joer laang fair a roueg, mä elo geet et duer!" De Syndicat vun der Post kritiséiert d'Rekrutementspolitik bei der Post.
© RTL-Archiv

Zanter 10 Joer géif géint d’Gesetz verstouss ginn an Decisioune vum Verwaltungsrot géifen net respektéiert ginn.

Kritik Post Syndicat / Reportage Carine Lemmer

D’Post ass jo en Etablissement public, dee ganz dem Staat gehéiert. Zanter 2012 gi quasi just nach Salariéen agestallt, obwuel haaptsächlech dem “droit public” no rekrutéiert misst ginn. Geschate 500 Leit hätten esou manner héich Paien a méi eng schlecht Carrièresentwécklung.

De Mindestloun gouf bei der Post agefouert. D’Direktere si Salarié gi mat méi héije Paien. “Uewe gëtt erausgeholl, wat erauszehuelen ass”, beklot sech de Syndicat, deen zur CGFP gehéiert. Déi gréisste Gewerkschaft bei der Post mécht bal ni eng Pressekonferenz, mä sicht léiwer intern no Léisungen, wéi ee selwer seet. Et wäre 67 Milliounen Euro mat Join “verbroden” ginn. Dee Betrib wär gegrënnt ginn an Zäiten, wéi scho kloer war, datt de Roaming géif ofgeschaaft ginn. Mä déi “normal Aarbecht” géif ëmmer manner bezuelt ginn.

Et wär een elo laang genuch higehale ginn, et wär de Geck mat hinne gemaach ginn. D’Kritik geet virop un de Post-Generaldirekter Claude Strasser, och un de President vum Verwaltungsrot, de Serge Allegrezza, an un den zoustännege Minister Franz Fayot. A speziell awer och un de fréiere Postminister Etienne Schneider.

Back to Top
CIM LOGO