Jee no GemengPräis vum Krunnewaasser soll zu Lëtzebuerg ronn 15 Prozent an d'Luucht goen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun dësem Joer wäert de Präis vum Krunnewaasser hei am Land 15 Prozent an d'Luucht goen.

Jee no Gemeng wier et eng Hausse vun 20 bis 40 Cent op 1.000 Liter. Dat confirméiert d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR.

Fir e Menage vu véier Leit géif dat pro Joer 40 bis 80 Euro ausmaachen, oder 3 bis 6 Euro de Mount. Dofir wiere fir den Ament keng Ënnerstëtzungs-Mesurë virgesinn.

Krunnewaasser, dat zu Lëtzebuerg jo Drénkwaasser-Qualitéit hätt, bleift awer weiderhi gënschteg, wann een et a Relatioun mam Fläschewaasser setzt, schreift d’Ministesch. Fir 1 Liter Krunnewaasser bezilt een hei am Land an der Moyenne manner wéi en hallwen Cent. Fir Fläschewaasser misst een am Duerchschnëtt op d’mannst eng 50 Cent de Liter bezuelen, also dat Honnertfacht.

D’Hausse vum Waasserpräis hätt iwwerdeems just e minimalen Afloss op d’Käschte vun de landwirtschaftleche Betriber, sou d’Ministesch. De Secteur géif och sensibiliséiert ginn, do wou ganz vill Waasser gebraucht gëtt, verstäerkt op Reewaasser ze setzen, amplaz op dat aus dem Krunn.

Drénkwaassergesetz : Eenheetleche Waasserpräis ass aktuell eng grouss Diskussioun tëscht de Gemengen

Back to Top
CIM LOGO