Fir d’Qualitéit vum Drénkwaasser weider ze garantéieren, gouf Enn Dezember en neit Gesetz gestëmmt, dat zanter dem 1. Januar a Kraaft ass. Ënnert anerem soll den Zougang zum Drénkwaasser weider erliichtert ginn, zum Beispill mat Fontainen am ëffentlechen Raum. Donieft soll an de Verwaltungen an ëffentleche Gebaier Krunnewaasser zur Verfügung gestallt ginn an den Ëmweltministère wënscht sech och datt d’Restauranten d’Krunnewaasser gratis oder zu engem bëllege Präis ubidden- dat soll allerdéngs weider op fräiwëlleger Basis sinn.
Fir d’Qualitéit weider kënnen ze garantéieren missten ënnert anerem d’Normen aktualiséiert ginn, erkläert den Tom Schaul vum Ëmweltministère.
“Et si Parameteren, wou d’Grenzwäerter méi strikt ginn, wéi de Bläi. An aner Parameteren gi méi spezifizéiert, wéi déi vun de Planzeschutzmëttel”.
Wat en eenheetleche Waasserpräis am Land betrëfft, huet d’Ëmweltministesch Joelle Welfring betount, datt dat bei 102 Gemengen mat ënnerschiddlechen Infrastrukturen net evident wier.
Joelle Welfring: “A wann een et verdéift kuckt, ass et och net onbedéngt eppes wat jidderee wëll. Et ass net vir muer oder iwwermuer, mee mir wäerten eis awer definitiv emol domat beschäftegen.”
D’Hausse vun den Energiepräisser hätt iwwerdeems net direkt en Impakt op de Waasserpräis fir déi eenzel Stéit.
Joelle Welfring: “Well et eng Method gëtt, wéi dat ëmgerechent gëtt vu verschidden Beräichskategorien an d’Industrie an aner Benotzer sech déi Käschten deelen. A wat och wichteg ass a grad beim Syndicat SEBES grad aktuell ass, ass datt een d’Energiepräisser méi aktiv unzegoen andeem een fir sech selwer op erneierbar Energie sëtzt.”
De President vum Gemengesyndicat Syvicol, den Emile Eicher huet confirméiert, datt en eenheetleche Waasserpräis eng hefteg Diskussioun tëscht de Gemenge wier. De Präis-Ënnerscheed vum Ofwaasser wier awer vill méi grouss, wéi dee vum Drénkwaasser.