Gas a StroumPräisser um Marché sinn aktuell nach e Villfacht méi héich wéi virdrun

Jean-Marc Sturm
Gas gëtt laangfristeg am Virfeld akaaft an domadder bleiwen d'Präisser och längerfristeg héich fir den Endkonsument.
De Gaspräis
Gas gëtt laangfristeg am Virfeld akaaft an domadder bleiwen d’Präisser och längerfristeg héich fir den Endkonsument.

Evolutioun vun de Gaspräisser - Reportage Jean-Marc Sturm

Wéinst der russescher Militär-Offensiv an der Ukrain stieche mer an der Energiekris. Moskau setzt d’Liwwere vu Gas a Pëtrol als Waff an, d’Präisser sinn duerch de Plaffong gaangen.

D’Europäer hu sech missen no anere Fournisseuren ëmkucken an hunn déi och fonnt.

Resultat: d’Reserve si gréisstendeels gutt gefëllt an de Präis vum Gas bei de groussen Akeefer ass ëm ronn 300% zeréckgaangen. Do freet sech de klenge Konsument, firwat d’Gasrechnung weider op héijem Niveau bleift.

Et ass esou, dass de Gas net zum jeeweilegen Dagespräis verrechent gëtt. Gas gëtt laangfristeg akaaft an domadder bleiwen d’Präisser och laangfristeg héich. Mat enger Baisse vum Präis ass wuel eréischt am Mäerz d’nächst Joer ze rechnen, mengt déi däitsch Regierung. Et kann awer och méi laang daueren.

Mer hu bei de Lëtzebuerger Enerieacteuren nogefrot.

De Claude Simon, Direkter fir den Akaf bei Enovos: “D’Gaspräisser, wann een elo op de Grousslandsmäert kuckt, déi sinn nach ëmmer op engem extrem héijen Niveau. Dir hutt vläicht, doduerch dass d’Temperatur sou héich am Moment ass, hutt Dir fir muer en niddrege Gaspräis, deen nach ëmmer méi héich ass, wéi dat an der Vergaangenheet war. Mä dat ass awer net dat, wéi mir kënnen akafen. Mer kënne jo net an dee Risiko goen, well wann et muer kal wier, da wier deen aneren Extrem do. Dat heescht, mir kafe strukturéiert iwwer d’Zäit an a wann dir elo um Maart kuckt, dann hu mir nach ëmmer ganz ganz héich Präisser, och no vir gekuckt, sinn déi Präisser nach ëmmer wierklech e Villfacht vun deem, wéi d’Präisser waren”.

D’Regierung huet een Deckele vun de Präisser decidéiert. Dat gëllt bis Enn d’nächst Joer.

Claude Simon: “Also fir de residentielle Client, do ass och am Tripartite-Accord festgehale ginn, datt deen net méi géif bezuelen am Joer 2023, wéi am Joer 2022. Déi Detailer ginn den Ament ausgeschafft. Wann ee kuckt, do profitéiert de Client selbstverständlech och vun där Mesure, well wéi gesot, mir haten am Summer gesot, dass mer ongeféier bei 35% géife leien op der globaler Facture, bei den Notzungskäschen, Taxen an esou virun. Elo ass dat mëttlerweil e bësse méi héich an ech kann iech elo not soen, wéi z.B. eng Netznotzung wäert evoluéieren. Dat heescht de Client wäert och schonn do profitéieren. Wann een elo kuckt, ob de Präisser op de Mäert... mir hunn an der Vergaangenheet Stroumpräisser gehat vu 40, 50, 60 Euro a mir hunn aktuell nach e Präis vun 350, 400, 500 Euro. Also och do sinn d’Mäert nach extrem héich. Do wäert deen Accord aus der Tripartite gräifen an och do wäert de Client supportéiert gi vun dem Lëtzebuerger Staat.”

Villes hänkt vun der geopolitescher Situatioun of. Bis op Weideres ass een awer frou, dass eis Reservoire gutt gefëllt sinn.

Back to Top
CIM LOGO