
Bis 22.30 Auer fueren d'Busse vun der Ville de Luxembourg, dat am 20 Minutten-Takt. Betraff sinn haut d'Linnen 2, 3, 4, 5, 6, 21 an 30. Och d'Linnen 1/125 respektiv 18 wäerte méi dacks fueren, wéi et üblech ass.
Och d'Zäit vum Tram gi geännert. Dëse wäert bis 3.30 Auer ënnerwee sinn an ass, wéi d'Buslinnen 1 an 33 gratis.
E Samschdeg vun 19 Auer u gëllt et da beim ëffentlechen Transport opzepassen, well verschidde Linne just bis an den Zentrum respektiv bis op d'Gare fueren, well eben d'Streck tëscht Zentrum a Gare zou sinn. Wéi d'VDL matdeelt, géifen just d'Linnen 1/125, 16, 18, 21, 29 a verschidde RGTR-Linnen, 120, 144, 172, 192, 194 an 195 iwwert d'Hollerecher an d'Escher Strooss ëmgeleet ginn.
Déi aner Linne fueren am Süde vun der Stad bis op d'Gare respektiv fuere just am Norde vun der Stad bis an den Zentrum.
Nom Freedefeier e Samschdeg den Owend gëtt dann d'Zäit, wou verschidde Linne zirkuléiert, verlängert. Hei de komplette Plang:

D'VDL réit de Leit, fir op d'P+R auszewäichen, datt um Bouillon, op der Kockelscheier a Luxembourg-Sud. Hei kritt een all 5 bis 10 Minutten e Bus, dat bis 22.20 a Richtung Stad vun 23.15 Auer un erëm zeréck.
Fir Persoune, mat limitéierter Mobilitéit, ass de Call-a-Bus-Service do, datt tëscht 19.15 Auer an 22.30 Auer tëscht dem P+R Bouillon an der Avenue Monterrey am Zentrum vun der Stad an no Freedefeier zeréck op de Bouillon bis 2.45 Auer.
Am Zentrum vun der Stad gëllt et, fir d'Schëlter am Bléck ze behalen, well verschidde Stroosse si fir den Trafic komplett zou an aneren dierfe keng Autoe parken.
D'Stad huet awer och verschidde Kaarte publizéiert, déi weisen, wou een den 22. an 23. Juni net dierf parken.