De Premier ass géint eng App fir Kontakter vun de Bierger ze retracéieren, well nach ze vill Froen a Saachen Dateschutz géifen opstoen.
Vu Singapur aus wär déi Positioun allerdéngs net evident nozevollzéien, seet de Ralph Siebenaler, deen zanter 2010 do lieft. Ëmmerhin hätt Europa mam GDPR effikass Dateschutzreegelungen, esou datt eng App, déi konform wär mam Schütze vun der Privatsphär, misst méiglech sinn.
Eigentlech geet et drëms, zwee Industriegebidder mateneen ze verbannen, mengt den Affekot Max Muller, dat vum Schütze vun de privaten Donnéeën an dat vu der Gesondheet. An enger Zäit wéi elo, wou eis Grondfräiheeten extrem ageschränkt sinn, kéint grad esou eng App dozou bäidroen, datt ee sech mam progressiven Enn vum Lockdown nees méi fräi beweege kéint.