Méiglech TripartitePremierminister invitéiert Sozialpartner op bilateral Consultatiounsreuniounen

RTL Lëtzebuerg
Et deit sech ëmmer méi eng nächst Tripartite am Hierscht un. Op Twitter deelt de Xavier Bettel mat, d'Sozialpartner fir d'nächst Woch invitéiert ze hunn.
© AFP Archiv

De Staatsminister huet d’Sozialpartner déi aner Woch schonn op bilateral Consultatiounsreuniounen invitéiert, fir “hire Bléck op déi aktuell Situatioun gewuer ze ginn a fir esou de Sozialdialog am Hierscht elo schonn ze preparéieren”.

No de leschte Previsioune vum Statec den 3. August, dee vun enger Joresinflatioun vu 6,6% an enger méiglecher weiderer Indextranche nach dëst Joer ausgaangen ass, hat de Premier nach annoncéiert, hie wéilt d’Berechnung vun Uganks September ofwaarden, fir ze decidéieren, ob effektiv elo schonn eng weider Tripartite aberuff gëtt oder net.

Back to Top
CIM LOGO