ING MarathonPreparatioune fir e Samschdeg lafen; 2.500 Mataarbechter am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Den 1. Juni ass déi 14. Editioun vum Nuetsmarathon an der Stad.
VIDEO: Preparatioune fir den ING Marathon
16.000 Leefer gi sech erwaart. Fir alles virzebereeden, sinn, e Samschdeg inclus, bis zu 2.500 Leit am Asaz.

Vun der Luxexpo the Box iwwer d'Rout Bréck op de Lampertsbierg, erof an d'Stad, op de Belair, Märel, Hollerech an duerch de Garer Quartier, iwwert d'Stad erëm zréck op de Kierchbierg. Dëst Joer ginn, genee esou wéi d'lescht Joer, 16.000 Leefer un den Depart. Mat senge puer 100.000 Spectateuren ass de Marathon ee vun de gréisste Volleksfester bei eis am Land. 42,195 Km huet de ganze Marathon. Iwwer déi ganz Streck verdeelt fënnt een, wéi gewinnt, ëmmer erëm Attraktiounen, Musek a Stänn. Eng riseg Organisatioun. Zanter 14 Joer gëtt dat Ganzt vun der Agence "Step by Step" geréiert. Momentan schaffe si zu 100 Leit an der Luxexpo the Box, fir alles opzeriichten. All Dag kommen nei Leit dobäi, fir ze hëllefen, an dat alles fräiwëlleg. Um Dag selwer sinn dann 1.200 Leit vu "Step by Step" am Asaz, ma mat all deenen anere Leit, déi deen Dag hëllefen (Police, CGDIS, Mataarbechter vun der Ville de Luxembourg, etc.), komme se op iwwer 2.500 Mataarbechter.

An der Luxexpo the Box ginn et keng grouss Verännerungen, ma d'Streck vum Marathon misst awer wéinst de ville Bauaarbechten an der Stad ugepasst ginn. Ee besonneschen Highlight ass dann och dëst Joer erëm de "Leo-Light Village" an der Péitruss, wou d'lescht Joer iwwer 4.000 Leit waren. Mä och soss, duerch d'Stad verdeelt, kënnt all Mënsch op seng Käschten. Vun DJe bis Schülerorchesteren, fir jidderee gëtt eppes gebueden.

Fannt hei de Livestream am "Multicamera Mode" vum ING Night Marathon

Ravitaillement: Enorm Quantitéite gi gebraucht

ING Marathon: Schluechthaus zu Hollerech eng wichteg Plaz
Vun hei aus gëtt alles verdeelt, fir 18 Ravitaillement. Gebraucht ginn Quantitéiten, déi impressionnant sinn.

Am ale Schluechthaus zu Hollerech ass eng vun de strategeschen Plazen vun der Marathonsorganisatiounen. Vun hei aus gëtt alles verdeelt, fir 18 Ravitaillementer. Gebraucht gi Quantitéiten, déi impressionnant sinn. Mat den héijen Temperaturen, déi e Samschdeg erwaart ginn, wäert de Besoin u Gedrénks sech verduebelen.

De Frazer Alexander ka wuel seng Plaz als beschte Lëtzebuerger net verdeedegen, seng Achillessehn huet him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Gillen, Reichling a Müller heeschen deemno d'Favoritten aus Lëtzebuerger Siicht. Egal wéi, wann de Marathon eriwwer ass, da fänkt fir d'Opraumekipp eng Nuetsschicht un.

Back to Top
CIM LOGO