Feu vert vum RegierungsrotAlzenger Contournement gëtt bis 2037 Realitéit

Roy Grotz
D'Hesper Leit wäerten net méi dru gegleeft hunn - mee den Alzenger Contournement gëtt bis d'Joer 2037 Realitéit.
© RTL Archiv

Zwar fänkt de Chantier nach net haut oder muer un, mee op d'mannst huet de Regierungsrot e Freideg de Feu vert ginn, fir datt de Gesetzesprojet vun der Mobilitéitsministesch kann op de Wee duerch d'Instanze geschéckt ginn. De Käschtepunkt ass mat 390 Millioune substantiell.

Parallel zu der geplangter Ëmgeeungsstrooss, déi de Verkéier laanscht Hesper, vun Alzeng an Direktioun Houwald deviéiert, gëtt och d'Uelzecht an dësem Natura 2000-Gebitt renaturéiert an d'National Schutzzon Réiserbann gëtt entspriechend der neier Strooss ugepasst.

Datt den Alzenger Contournement batter néideg ass, wëssen net nëmmen d'Awunner, mee och déi ronn 20.000 Automobilisten, déi dee Wee an Direktioun Schlammestee oder Stad mussen dagdeeglech fueren.

Och am Kär vun Hesper ginn d'Chantieren an Zukunft weider - sou soll den Zentrum ronderëm Kierch an d'Uelzechtbréck zu engem Shared space ginn, wou sech also Foussgänger, Cyclisten an Automobiliste wäerte begéinen - dat wann de Contournement bis an 10 Joer fäerdeg gebaut ass.

Dëst sinn bis ewell mol Pläng an Timing, mee lo musse mol d'Stécker an d'Wise kaf ginn, d'Ëmweltprozeduren duerchlaf an d'technesch Analyse gemaach ginn. Eréischt fréistens 2032 sollen dann d'Baggere rullen, fir mam Chantier un ze fänken - a bis dohinner leeft nach vill Waasser d'Uelzecht erof.

Back to Top
CIM LOGO