AlebaPresident Roberto Scolati ass zeréckgetrueden

Sascha Georges
Wéi et an engem Communiqué heescht, wär seng Gesondheet de Grond, wisou den Aleba-President zerécktrëtt.
© RTL Archiv

De Roberto Scolati ass als President vun der Bankegewerkschaft Aleba zeréckgetrueden.

Dat aus gesondheetleche Grënn, wéi et e Mëttwochan engem Communiqué heescht. Hien gëtt net direkt ersat.

Seng Aarbecht iwwerhëlt den Exekutivcomité gemeinsam. En neien Aleba-President géif no de Sozialwalen den 12. Mäerz designéiert ginn.

De Roberto Scolati bleift awer och an dem Exekutiv-Comité an engagéiert sech och an der Walcampagne.

De Communiqué vun der Aleba

Back to Top
CIM LOGO