
Des weideren huet d’Persoun Stëmmen an der Géigend vun de Kameraen héieren, wéi se via Distanz op den Iwwerwaachungssystem zougegraff huet. D’Police ass op d’Plaz gefuer a konnt do och e presuméierten Abriecher in flagranti erwëschen.
Den Abriecher gouf festgeholl an hat e Sonndeg de Moien direkt Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.