PolicePresuméierten Abriecher zu Märel a Mann wéinst Drogeverstouss festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie kuerz viru 5 Auer krut d'Police en Abriecher an der Rue Charles Martel zu Märel gemellt.
© RTL Archivbild

E presuméierten Täter hat eng Fënster eropgehiewelt, fir sech sou en Zougang zum Gebai ze verschafen. Dono huet sech den Onbekannte mat engem Vëlo dervu gemaach, konnt awer kuerz drop vun enger Policepatrull gestallt ginn. De Parquet huet ordonéiert, de Mann festzehuelen an déi geklaute Géigestänn dem Proprietär zeréckzeginn.

Weider mellt d’Police, dass si den Dag virdrun eng Persoun wéinst dem Verstouss géint d’Drogegesetz an der Stad festgeholl huet. E Freideg géint 12.50 Auer ass enger Patrull eng Persoun an der Stroossbuerger Strooss opgefall, déi sech verdächteg beholl huet. Bei der Kontroll hunn d’Beamten erkannt, dass de Mann eppes am Mond hätt. Wéi hien opgefuerdert gouf, d’Géigestänn erauszespäizen, huet de Verdächtege versicht ze schlécken.

D’Police huet de Mann du mat op de Büro geholl, wou hien de Beamten e puer Bulle mat Drogen iwwerreecht huet, déi hien nach am Mond hat. Bei der spéiderer vum Parquet ordonéierter Scanner-Ënnersichung goufen nach emol 8 Bulle fonnt. Weider huet de Parquet ordonéiert, dass de Mann sollt festgeholl ginn. Dräi Telefonen an eng gréisser Zomm Sue goufe séchergestallt.

Mann no Mordmenacen zu Beggen festgeholl

Den 113 hat e Mann gemellt kritt, deen an der Nuecht op e Méindeg géint 00.30 Auer en aneren a senger Wunneng mat engem Messer menacéiert hätt. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, huet sech erausgestallt, dass de Mann mat Messer och Mordmenacen ausgeschwat hat. Hie gouf festgeholl, well hien och nach d’Poliziste beleidegt hätt. De Mann hat e Méindeg de Moie schonn e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO