
Bei Kierperkontroll vum Mann gouf eng geréng Quantitéit Marihuana an zwee Handye séchergestallt. Bei der medezinescher Analys am Spidol konnten iwwerdeem op d’mannst 4 Friemkierper fonnt ginn.
Op Uerder vum Parquet koum de presuméierten Drogendealer en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter, wouropshin de Mann an de Prisong op Schraasseg bruecht gouf.