
Géint 15.45 Auer war d’Police op der Héicht vun der Kräizung vun der Stroossbuerger Strooss an der Rue Adolphe Fischer op zwou verdächteg Persounen opmierksam ginn. Et gouf de Verdacht, datt et sech ëm zwee Drogekeefer oder Drogendealer handelt. Béid Persoune konnten an der Rue Adolphe Fischer gestallt ginn.
De presuméierte Keefer huet erzielt, datt hien eng Bull Kokain kaf hat a se ewech geheit huet, wéi hien d’Police gesinn huet. De presuméierten Drogendealer huet opfälleg Beweegunge mam Mond gemaach, wéi wann hien eppes géing ofschlécken. Mat engem Scanner huet een eng Partie Friemkierper am Kierper vum Verdächtege fonnt.
Béid Persoune goufen op Uerdnung vum Parquet festgeholl a komme e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.