
An hirer Fraktiounssëtzung hunn déi chrëschtlech-Sozial festgehalen, dass d’Regierung de Mataarbechter am Santés- a Fleege-Secteur eng staatlech Prime Unique als Merci fir déi vill Aarbecht an dësen Zäite sollt ausbezuelen.
Dernieft soll e reduzéierten Steier-Tariff fir all Kriseprimme beim Staat an am Privatsecteur bis zu enger gewëssener Limite spillen.
