Penal Prozedur fir MineurenPrinzip ass gutt, mä un den Detailer misst nach gefeilt ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d'Consultativ Mënscherechtskommissioun en Donneschdeg an hirem Avis zu engem Projet de loi iwwer d'Aféierung vu penale Prozedure fir Mineuren.
© RTL Archiv

Avis CCDH / Reportage Sabrina Backes

Dëse gesäit ënner anerem vir, dass de Mindeststrofalter erofgesat gëtt an datt d’Recht op en Affekot soll ageschränkt ginn. Et sinn Ännerungen, déi am Hibléck op d’Reform vum Jugendschutz solle kommen. Am grousse Ganze begréisst d’CCDH den Inhalt vum Gesetzesprojet, mä un den Detailer misst nach gefeilt ginn. Mineuren hätte wéinst hirem Alter besonnesch Besoinen, op déi een am Gesetzesprojet awer net ëmmer richteg Récksiicht géing huelen.

Zum Beispill gesäit de Gesetzesprojet vir, datt d’Recht op en Affekot soll ageschränkt ginn. Obligatoresch ass en Affekot nëmmen nach am Fall vun engem Verbriechen. An anere Fäll, soll d’Entscheedung beim Polizist leien. Dës Entscheedung kann d’Consultativ Mënscherechtskommissioun net ganz novollzéien. D’Noémie Sadler, Vize-Presidentin vun der CCDH: “Selbstverständlech fuerdert d’CCDH d’Regierung elo op, dee Choix nach eng Kéier ze iwwerdenken an eng Approche unzehuelen, déi den Interet supérieur vum Kand an de Vierdergrond setzt an déi obligatoresch Presenz vun engem Affekot am fréiste Stadium virgesäit. Dat ass elo och schonn an anere Länner de Fall. Mir sinn der Meenung, datt e Mannerjäregen ëmmer misst vun engem Affekot assistéiert ginn, deen och an de Kannerrechter spezialiséiert ass.”

Iwwerdeems soll den Alter vun der Responsabilité civile vu 14 op 13 Joer erofgesat ginn. Eng Entscheedung, déi d’CCDH kritiséiert.

“Mat der Entscheedung, den Alter fir d’Strofmündegkeet op 13 Joer erofzesetzen, huet de lëtzebuergesche Gesetzgeber net nëmmen decidéiert, all international Recommandatioune komplett ze ignoréieren, mä sech och fir een Alter entscheet, dat ënnert dem europäeschen an internationalen Duerchschnëtt läit. D’CCDH luet d’Regierung an, den Alter erëm eropzesetzen a sech un déi international Recommandatiounen ze halen. Mir sinn der Meenung, dass den Alter op mindestens 14 Joer gesat muss ginn, mir recommandéieren awer iwwert dës Limitt eraus ze goen”, sou d’Anamarija Tunjic, Juristin bei der CCDH.

Iwwerdeems fuerdert d’Consultativ Mënscherechtskommissioun, datt Mineuren ënner 16 Joer net sollte mat Fräiheetsentzuch bestrooft ginn.

Och allgemeng sollt versicht ginn, de Strofvollzuch ze evitéieren, sou fuerdert et d’Organisatioun. Dat heescht, dass et net zu engem Prozess kënnt, mä vun Ufank un no passenden Diversiounsmesure gesicht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO