SchraassegPrisonéier dout a senger Zell fonnt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend ass am Prisong zu Schraasseg eng Persoun dout an hirer Zell opfonnt ginn.
© RTL-Archiv

Giischtercher hunn de Prisonéier géint 20.45 Auer a senger Zell fonnt. Dat geet aus engem Communiqué vun der Administration pénitentiaire ervir. Weider Detailer goufen en Dënschdeg net genannt.

D’Justiz gouf alertéiert an eng Autopsie gouf ugeuerdent. D’Familljemembere vum verstuerwene Prisonéier ginn alertéiert.

Op der Plaz waren den Ombudsman, den Direkter vum der Prisongsadministratioun, de Representant vum Direkter vum Centre pénitentiaire de Luxembourg, d’Police an de CGDIS.

PDF Communiqué Adinistration pénitentiaire

Back to Top
CIM LOGO