
Um Stater Geriicht sinn e Freideg um Enn vum Prozess ëm eng Kläpperei op Vältesdag 2016 virun enger Disko an der Stad zwee Fräispréch, awer och 6 Prisongsstrofe vun tëscht 3 an 18 Méint, mat eventuellem Sursis, fir déi am Ganzen 8 Ugeklote gefrot ginn: 3 vun hinne si jo Polizisten.
An hirem Requisitoire huet d'Vertriederin vum Parquet ënnert anerem betount, dass een hei net Polizisten de Prozess hätt wëlle maachen. Eens wäre sech béid Säiten doriwwer, dass et deemools zu enger Kläpperei tëscht hinne koum. Fir de Rescht hätt et awer virun allem ënnerschiddlech Aussoe ginn.
D'Kläpp hätt aus zwou Phase bestanen, woubäi déi zweet zum gréissten Deel um Video vun engem Taxichauffeur festgehale gouf. Zu där 1. géif et iwwerdeems d'Aussoe vun Zeie ginn, déi glafwierdeg wären, och wa se den net-Polizisten no stinn, an dat well si och Deklaratioune géint hir Kollege gemaach hätten. An der Disko wär et zu kengem Tëschefall komm, sou d'Vertriederin vum Parquet. Dobaussen, soten d'Polizisten, wäre si als Polizisten erëmerkannt a geschloe ginn, wat d'Géigesäit anescht gesäit, eng Géigesäit, déi sech aus 3 Gruppen zesummegesat hätt.
Zum 1. Eclat wär et tëscht de Polizisten an dem 1. Grupp komm, wouropshin déi aner Leit bäikomm wären, well ee vum 1. Grupp vun de Polizisten zesumme geschloe gi wär. Do hätt sech dee Polizist, fir dee mat 18 Méint, mat méiglechem Sursis, déi héchst Prisongsstrof gefuerdert gouf, schonn am aggressiivste verhalen, sou wéi och an der Suite. Ee vu senge Kollegen hätt fir d'éischt en anere Mann mat der Fauscht geschloen, wouropshin deen op de Buedem gefall wär, wat déi zwee aner Polizisten net dovun ofgehalen hätt, dee Mann och nach ze schloen. D'Poliziste wären du fortgaangen an déi aner Leit bäikomm. D'Affer hätt Blessen am Gesiicht gehat. Dono wär et nach zu enger kuerzer Kläpperei tëscht de Polizisten an 3 Leit an zu enger Ausenanersetzung tëscht engem Polizist an engem Mann komm, ier dunn déi zweet Phas ustoung. Hei hätt ee Polizist en anere Mann ugegraff, deen u sech schlichte wollt. Doropshi wär d'Situatioun eskaléiert. Dee Polizist hätt dee Mann zweemol richteg fest mat der Fauscht geschloen, en zweete Polizist en anere Mann an de Schwitzkasten geholl an e weidere Mann deen zweete Polizist mam Fouss gerannt. D'Schléi vum Polizist, deen déi zweet Phas ausgeléist hat, hätte keng Noutwier duergestallt, am Géigesaz zu de Coupen, déi aner Männer him ginn hätten, ebe well hie sou fest drageschloen hätt, huet d'Vertriederin vum Parquet gemengt.
D'Uerteel ass fir de 15. Juli.
RTL-Artikel: Kläpperei op Vältesdag: Ugeklote plädéieren op Noutwier, respektiv op Fräisproch RTL-Artikel: Viru Geriicht: Kläpperei mat Polizisten an Zaldoten: 8 Männer musse sech veräntweren