Kläpperei mat Polizisten an Zaldoten: 8 Männer musse sech veräntweren

© AFP (Archiv)
Vun de 5 Zeien, déi um zweeten Dag vum Prozess ausgesot haten, ware just zwou Depositioune valabel fir d'Affär.
Am Prozess ëm eng Kläpperei op Vältesdag 2016 virun enger Disko an der Stad, an déi 3 Polizisten an Ex- oder nach-Zaldote verwéckelt waren, gouf een um Dënschdeg um zweeten Dag um Stater Geriicht net vill méi schlau! Et goufen zwar 5 Zeie gehéiert, déi aktiv oder passiv involvéiert waren, ma just mat zwou Depositioune konnt ee wierklech eppes ufänken. Zwou anerer hu méi Onkloerheet bruecht wéi Kloerheet, an een Zeien hat net vill matkritt.
An zwar déi vun enger jonker Fra, déi mat dono Implizéierten an d'Disko komm war, an déi vun engem jonke Mann, dee matzendran amplaz nëmmen dobäi war.
D'Kläpperei hat zwee Deeler, souzesoen eng Virgeschicht vun engem méi klenge Grupp an d'Haaptausenanersetzung tëscht méi Protagonisten. Ee vun deenen, déi bei der grousser Kläpperei matgemëscht hunn, sot, gesinn ze hunn, wéi e Polizist e Kolleg schloe wollt. Hien hätt wëllen dotëscht goen, sou den Zeien, ma dobäi hätt hien eng vun deem Polizist gedunnt kritt, wouropshin hien op de Buedem gefall wär. Wéi hien opstoe wollt, hätt, wéi sech méi spéit erausgestallt huet, en anere Polizist hien an de „Schwitzkasten“ geholl, hien also gewiergt. Hie wär net fort komm, an dee Polizist hätt hien eréischt lassgelooss, wéi e Kolleg dëse mam Fouss gerannt hätt. Doropshin hätt en anere Kolleg gesot, Zitat: „Kommt, mir ginn heem!“, ma deen 1. Polizist, vun deem hien eng kritt hat, wär ëmmer erëmkomm an net ze berouege gewiescht. Ee Moment wär deen och op hie gefall. Den Zeie sot nach, eng Knupp am Gesiicht gehat, ma net gemellt ze hunn, dass hie blesséiert wär, well hie sengerzäit als Zaldot keng Problemer hätt wëlle kréien. De Mann huet um Enn jee 15.000 Euro Schuedenersatz vun deenen zwee Poliziste gefrot.
Eng jonk Fra huet iwwerdeems d'Virgeschicht erzielt: Do wär ee vun hire Kollege vun de Polizisten agresséiert ginn, ier dunn, e puer Minutte méi spéit, beim zweete Fait, jidderee jidderee geschloen hätt. Dës méi grouss Kläpperei hätt eréischt opgehalen, wéi aner Leit agegraff hunn. Alles hätt domat ugefaangen, dass dee Kolleg, deen der als Éischt vun de Poliziste krut, net aggressiv gesot hätt, dat wären, Zitat, „Flicke vun Déifferdeng“. Déi hätten dat matkritt an hire Kolleg du geschloen, deen um Enn am Gesiicht geblutt hätt.
Dëse Prozess wéinst Coups et blessures volontaires géint am Ganzen 8 Männer geet um Mëttwoch virun.