CrèchenPrivat Betreiungsstrukturen: Inegalitéiten duerch d’Chèques-Services

RTL Lëtzebuerg
Privat Crèchen, Foyeren a Maisons relaise ginn elo wärend dem Lockdown net méi vun den Eltere bezuelt.
Inegalitéite bei private Betreiungsstrukturen
Privat Crèchë, Foyeren a Maisons relaise ginn elo wärend dem Lockdown net méi vun den Eltere bezuelt.

Dofir kréie se awer weiderhin d'Chèques-Servicë vum Staat. Verschidde Betreiungsstrukture kommen dobäi awer ganz schlecht ewech. Ma op aner Hëllefe, wéi Kuerzaarbecht, hu si keen Urecht.

Wéi gutt déi net konventionéiert Betreiungsstrukturen de Lockdown finanziell iwwerstinn, hänkt ironescherweis vum Akommes vun den Elteren of, deenen hir Kanner bei hinnen ageschriwwe sinn. Wat d’Eltere méi verdéngen, wat de Staat manner iwwer d’Chèques-Services bäileet. An ëmgedréint.

D'Christiane Meyer vum MEN – Direktioun vum Secteur “Enfance”:

"Et muss ee wëssen, dass 80% oder souguer iwwer 80% vun de Crèchen, do ass d’Participatioun vum Staat iwwer 70%."

Ganz anescht gesäit et allerdéngs an dësem Dages-Foyer aus. Manner wéi d’Hallschent vun de Revenue kënnt hei iwwer d’Chèques-Servicen. Well d’Clientèle aus dësem besser gestallte Quartier méi Akommes huet. D'Konsequenz: Elo an der Kris gëtt et fir dëse Betrib finanziell extrem enk. D’Elisabete Cruz hofft, dass si de 4. Mee nees kann opmaachen.

D'Elisabete Cruz, Patronne vun engem Foyer:

"Wann et fir de 4. Mee ass, da geet et. Wann et méi laang dauert, weess ech net, wéi mer et solle maachen."

Fir dëse Foyer wär et besser, d’Patronne kéint Kuerzaarbecht ufroen, amplaz vun de Chèque-Servicen. Ma dat ass net virgesinn. An d’Betreiungsstrukture kréien och keng Kuerzaarbecht zousätzlech accordéiert.

D'Christiane Meyer:

"Wat mer wëlle verhënneren, ass, datt een duerch de Cumul vun den Aiden herno op emol méi erauskritt, wéi ee vläicht an normalen Zäite gehat hätt. Do spillt de Chômage partiel, mee och de Congé pour raisons familiales."

Dofir soll och no der Kris gekuckt ginn, ob duerch de Congé pour raisons familiales, keng duebel Finanzéierung an de Betreiungsstrukturen entstanen ass.

Eng Situatioun, déi d’Elisabete Cruz net betreffe wäert. Am Géigendeel. Bei der Federatioun vun de private Betreiungsstrukture weess ee vu weidere Fäll, déi d’Waasser bis zum Hals stoen hunn. Et wär ee wuel frou, datt de Staat säin Undeel iwwer d’Chèques Services weider bezuele géif. Nawell gëtt et eng Fuerderung.

Den Arthur Carvas – President vun der FELSEA:

"Ma dass deene Leit, wou et net duergeet, fir wéinstens d’Paien ze decken an d’Charges patronales, dass deene Leit ënnert d’Äerm gegraff gëtt."

Bis ewell wär do awer keng Decisioun geholl an et géif elo direkt keng Solutioun, déi ee kéint ubidden, esou de Retour aus dem Edukatiounsministère, Stand Donneschdeg.

Back to Top
CIM LOGO