Drénkwaasserreserven zu LëtzebuergPro-Kapp-Verbrauch erofgaangen, Noutfall-Moossnamen awer néideg

Claudia Kollwelter
Lynn Kayser
Wéi steet et ëm d'Drénkwaasserreserven zu Lëtzebuerg? Ënnert anerem dat wollt den ADR-Deputéierte Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro wëssen.
© Eric Steichen / RTL Télé Lëtzebuerg

QP Drénkwaasserreserven zu Lëtzebuerg / Rep. C. Kollwelter

Obschonn d'Awunnerzuel zu Lëtzebuerg an de leschten Jore massiv geklommen ass, hat dëst keen Afloss op de Pro-Kapp-Verbrauch vum Waasser, erkläert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert. Am Géigendeel souguer: de Pro-Kapp-Verbrauch, deen dem ganze Verbrauch inklusiv Industrie a Frontaliere gedeelt duerch d'Awunnerzuel entsprécht, ass tëscht 2005 an 2015 souguer erofgaangen. Nämlech ëm ronn 30 Liter pro Awunner pro Dag. D'Carole Dieschbourg erkläert dee Réckgang ënnert anerem duerch d'Aféiere vum käschtendeckende Waasserpräis an awer och méi waasserspuerenden Armaturen a Maschinne fir de Stot.

PDF: Parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen

Back to Top
CIM LOGO