Eis Baueren, no bei eis!Problemer duerch d'Naturschutzgesetz

RTL Lëtzebuerg
Um Haff vun der Famill mäscht hie Bio-Pouleten a produzéiert Bio Nuddelen aus Eeër, déi wéinst hirer Gréisst net konform si fir am Buttek verkaf ze ginn.

De jonke Bauer beschäefteg mam neie Naturschutzgesetz vun 2018, dat d'Méiglechkeete vun de Bauere Betriber a sengen Aen ferm aschränkt.

DWunnhaiser dierfen eigentlech an de Gréngzone keng méi gebaut oder ausgebaut ginn. Et sief dann, se hänken direkt mat der Landwirtschaftlecher Produktioun zesummen a sinn néideg fir de Fonctionnement vum Betrib. Wat jo normalerweis de Fall ass. Déi maximal Brutto-Wunnfläch war bis leschte   Summer op 330m2 beschränkt. Dat entsprécht och deem vun der Famill Emering. Fir e Wunnhaus eigentlech zimlech generéis.

D'Ministesch Carole Dieschbourg hätt leschte September hiren Accord ginn fir d'Brutto Wunnfläch fir landwirtschaftlech Wunnhaiser a Gréngzonen op 350m2 festschreiwen ze loossen, heescht et aus dem Ëmweltministère. D'Reglement wier an der Maach. De Jongbauer begréisst dëst, fuerdert awer d'Méiglechkeet ënner bestëmmte Konditioune méi grouss ze bauen fir och an Zukunft d'Existenz vu de Familiäre Bauere Betriber ze assuréieren.

Et géing net drëm ze profitéieren fir an de Gréngzone grouss Villaen opzeriichten, mee vill méi de mat gesondem Mënscheverstand op engem Aussiedler Haff e familiäre Betrib kënnen ze féieren.

Den Ëmweltministère plangt den Ament allerdéngs keng speziell Konditiounen fir iwwer déi 350m2 kënnen eraus ze bauen.

Eis Baueren, no bei eis! D'Naturschutzgesetz vun 2018

Back to Top
CIM LOGO