
An der Affär ronderëm den orthopädesche Chirurg Philippe Wilmes bleift den Dokter suspendéiert. D'Verwaltungsgeriicht huet seng Suspensioun net annuléiert. Dat géif een zur Kenntnis huelen, heescht et en Donneschdeg an engem Schreiwes vum concernéierten Dokter sengen Affekoten, déi gefrot haten, dass dat réckgängeg gemaach gëtt. Eng ministeriell Decisioun gouf am Abrëll ëm 21 Méint verlängert. Dem Dr. Wilmes seng Suspensioun gëllt reng fir chirurgesch Agrëffer. Hie kann deemno weider Consultatioune féieren.
Dem Dokter gëtt virgehäit, dass hien onnéideg Operatiounen u Knéie soll duerchgefouert hunn. Dat haten och onofhängeg Experten esou festgestallt. E Reproche, deen de Concernéierte weider vehement ofstreit. De Parquet hat am Mee eng Enquête opgemaach. Enquêtéiert gëtt wéinst de Reprochë vu schwéierer Kierperverletzung, awer och ënner anerem Fälschung a Bedruch.