Pompjeesmusée zu MaarnechProjet léisst op sech waarden - Stroumrechnung bereet Suergen

Marc Hoscheid
Viru véier Joer gouf eng Partie vun ale Pompjeesgefierer am Gebai vum fréieren RTL-Mëttelwellesender ënnerbruecht. Richteg viru geet et awer net.
© Marc Hoscheid

Et hat nawell zimmlech kritesch ausgesinn am Joer 2019. No enger Rëtsch vu Plënneraktiounen hat dee gréissten Deel vun der Sammlung vun historesche Pompjeesgefierer, déi vun enger Grupp Benevollen ronderëm de pensionéierte Beruffspompjee Raymond Brausch zesummegedroe gouf, an enger Hal zu Colmer-Bierg seng provisoresch Heemecht fonnt. Mee well d’Fourrière vu Colmer-Bierg d’Hal op eemol selwer gebraucht huet, fir ofgeschleefte Gefierer ënner Daach ze stellen, huet eng Alternativ mussen hier, soss wieren déi meeschte Sammlerstécker verschrott ginn. Ma de Pascal Recken, Member vum CIS Weller-Pëtschent, hat een Opruff vun der Fédération nationale des pompiers (FNP) gesinn an eng Léisung fir de Problem parat. Well hien am Enregistrement schafft, wosst hien, datt de Staat och no enger Partie Joren nach ëmmer net wosst, wéi dat fréiert Gebai vum RTL-Mëttelwellesender zu Maarnech genotzt kéint ginn. Op Nofro bei der Bauteverwaltung vun Dikrech hi gouf séier kloer, datt ee bereet wier, d’Gebai zur Verfügung ze stellen. Esou gouf ee sech eens, datt d’FNP et fir de symboleschen Euro vun de Bâtiments publics loune géing. Dofir hat sech d’FNP ënnert anerem un de Käschte vun de Usträicheraarbechten bedeelegt.

Et war guer net esou einfach, d’Gefierer vu Colmer-Bierg op Maarnech ze kréien, well eng Partie dovunner wéinst futtisse Pneuen oder technesche Problemer net méi fuere kënnen. A well et keng Ramp fir an d’Gebai gouf, hunn déi Fräiwëlleg anstänneg mussen upaken, fir se ënner Daach ze kréien. Ma mëttlerweil hunn d’Gefierer hir Plaz um Rez-de-chaussée fonnt, wärend um éischte Stack virun allem eng Abberzuel un historesche Pompelen ausgestallt sinn. Ma bis aus dem Gebai eng Zorte Musée gëtt, ass et awer nach ee wäite Wee. D’Konditioune vun der ITM sinn nämlech net erfëllt. De Raymond Brausch schätzt, datt een nach 500.000 Euro investéiere misst. Interesséiert Gruppe kënnen awer haut scho Visitte kréien. Well ee keng Assurance huet, mussen d’Leit allerdéngs een Ziedel ënnerschreiwen, datt se op eege Responsabilitéit an d’Gebai ginn.

Well net genuch Plaz ass, stinn iwwregens e puer Gefierer hannenaus am Fräien.

© Marc Hoscheid

Wat ee méiglechen Ausbau ugeet, sou sinn hei net nëmmen d’Käschten een Hindernis, mee och d’Tatsaach, datt d’Gebai geschützt ass an an enger Zone verte läit. Dat heescht, d’Gemeng misst den Terrain fir d’éischt ëmklasséieren. Op Nofro hin heescht et vum Buergermeeschter Georges Keipes, hien hätt sech nach net mam Dossier beschäftegt an et hätt och nach keng Ufro fir een Treffe mam Schäfferot ginn. Et wier awer begréissenswäert, wann déi historesch Gefierer dem Public zougänglech gemaach kéinte ginn.

Problemer bereeden iwwerdeems och déi héich Stroumkäschten. Déi resultéieren esouwuel aus dem Stroumpräis wéi och aus der Beschafenheet vum Gebai. Bis ewell ass d’FNP der Creos ronn 40.000 Euro schëlleg. De Patrick Muller ass Secrétaire administratif vun der FNP an erkläert, et wier ee vun Ufank un doriwwer erstaunt gewiescht, wéi vill ee bezuele muss. Et wier een am Fong vun ongeféier 2.000 Euro d’Joer ausgaangen, ma dat wieren zäitweis d’Käschte fir ee Mount gewiescht. Dat läit zu engem gudden Deel dorunner, datt am Keller ee 400 kVA-Trafo steet. Dësen ass direkt mam Creos-Site just e puer Honnert Meter ewech verbonnen a gëtt mat Héichspannungsstroum gespeist, deen da vu 65.000 op 20.000 Volt ëmgespeist gëtt.

© Marc Hoscheid

Vun der Creos heescht et, datt am Ufank vu Bâtiments publics virgesi gewiescht wier, méi niddreg Spannung an d’Gebai ze leeden, mee et hätt ee wuel aus Käschtegrënn dorobber verzicht. Dofir hätt nämlech eng weider Tranchée musse gezu ginn. Nodeems ee bei der FNP vun der Creos gesot krut, datt mëttlerweil ronn 40.000 Euro opstinn, huet ee sech bei Bâtiments publics gemellt an et ass ee Stroumberoder op d’Plaz komm. Mat deem senger Hëllef hätt een et gepackt, d’Käschte pro Mount op 1.000 Euro ze drécken. Wat d’Schold ugeet, esou kéint d’FNP dës net bezuelen. De Proprietär, Bâtiments publics, wäert wuel éischter net asprangen. Et huet ee sech dowéinst un den Inneministère adresséiert, dësen huet sengersäits Kontakt mam Finanzministère opgeholl. Vun do krut ee bis elo awer nach keng Äntwert.

Ma och wann een eng Léisung an der Fro ronderëm d’Stroumrechnung fanne sollt, dierften awer nach eng Rëtsch Joer vergoen, bis zu Maarnech ee Pompjeesmusée seng Dieren opmaache kann. Woubäi de Raymond Brausch net gäre vun engem “Musée” schwätzt. Dat, well d’FNP déi Bezeechnung dem “Pompjeesmusée an der Géitz” zu Nidderwolz virbehale wéilt.

Hei eng Partie Andréck vun de Sammlerstécker vu Maarnech:

Viru knapp zwee Joer hat et iwwregens ee Fall vu Vandalismus um Site ginn.

null

Back to Top
CIM LOGO