RollengergronnProjet Villeroy&Boch: "Keng Stad fir muer"

Tim Morizet
Zanter iwwer 10 Joer stinn déi al Produktiounshale vu Villeroy&Boch am Rollengergronn eidel. Si solle Plaz maache fir Büroen, Butteker an 800 Wunnengen.
Projet Villeroy&Boch: Keng Stad fir muer
Zanter iwwer 10 Joer stinn déi al Produktiounshale vu Villeroy&Boch am Rollengergronn eidel. Si solle Plaz maache fir Büroen, Butteker an 800 Wunnengen.

Zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, där en Deel vum Terrain gehéiert, huet Villeroy&Boch iwwert déi lescht Joren e groussen Immobiliëprojet ausschaffe gelooss. E Projet, deen ëmmer nees licht adaptéiert gouf. Déi lescht Upassungen awer, déi kierzlech virgestallt goufen, gefalen net jiddwerengem.

Nach gesäit een net all ze vill vun der Haaptstrooss aus. Lues a lues awer ginn déi fréier Hale vu Villeroy&Boch ofgerappt. D’Geschicht vum däitsche Keramikproduzent geet bis 1767 zeréck. En neit Kapitel soll den Terrainen neit Liewe anhauchen.

Et ass immens fantasielos geplangt ginn. Mir hunn hei gréisser Këschten, déi elo nach eng Kéier e bësse méi héich gebaut ginn, fir méi Leit dran ze kréien, mir hunn déi zum Deel ganz no beieneen, mir hu ganz wéineg gréngs, mir hu keng Ubannung un d’Quartiere ronderëm, et sinn net genuch Installatioune fir de Vëlo geplangt. Et ass eng verpasste Chance, wann de Projet esou géif gebaut ginn, ewéi en elo geplangt ass.”, esou d’Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Verdichtung jo, ma net op Käschte vun der Liewensqualitéit: “Hei gouf viru 5 Joer de PAG vun der Stad Lëtzebuerg nei gemaach. Deen Ament gouf sech scho fir eng Verdichtung vun dësem Site decidéiert. Elo, 5 Joer drop, soll dat nach eng Kéier massiv erhéicht ginn. Et soll nach eng Kéier ëm een Drëttel méi dicht gebaut ginn ewéi virdrun.

Hei hätte virun allem d’Gréngfläche misse Plaz maachen, esou d’Kritik vum Mouvement Ecologique: “Engersäits well d’Stied da manner d’Quartieren ophëtzen. Mir wëssen, wéi waarm et am Summer ka ginn – grad do, wou gebaut ass. Mir mussen do d’Temperatur e bëssen drécken, datt eis Liewensqualitéit erhale bleift. Mir brauchen awer och gréng Strukturen, fir datt Leit sech dobausse kënnen ophalen. Wat hu mer all an de Covid-Zäiten no Gréngfläche geseent, fir aus dem Haus ze kommen an do eng flott Platz ze hunn, wou ee sech kann ophalen.

Dem Rollengergronn an der Millebaach, esou vill Lokaler, feelt et un engem richtegen Duerfkär – de Site vu Villeroy&Boch hätt sech do gutt erginn, esou d’Konklusioun haut.

Well esou vill fräi Plaze gëtt et net méi am Rollengergronn oder an der Millebaach. Et hätt een hei d’Chance gehat, déi Quartieren ze verbannen, méi intressant ze maache mat engem Kär, wou d’Leit sech kënnen treffen. Eng Verbindung mam Lampertsbierg gouf och ëfters gefuerdert.

Et géif der Stad Lëtzebuerg e konkrete Leetfuedem feelen, wat d’urban Gestaltung ugeet, bedauert de Mouvement Ecologique.

Back to Top
CIM LOGO