Ee Beruff, deen een net léiere kannPromoteure spillen eng wichteg Roll beim Wunnengsbau

Marc Hoscheid
Déi meeschte Bauprojete ginn am Grand-Duché vum Privatsecteur realiséiert. Ma wien oder wat stécht iwwerhaapt hannert dem Begrëff "Promoteur"?
Wat ass iwwerhaapt e Promoteur
Déi meeschte Bauprojete ginn am Grand-Duché vum Privatsecteur realiséiert. Ma wien oder wat stécht iwwerhaapt hannert dem Begrëff “Promoteur”?

An d’Fro stellt sech och, wéi eng Spillreegele gëllen?

Promoteure spillen eng wichteg Roll beim Wunnengsbau / Rep. M. Hoscheid

Rezent hu mir ee Reportage iwwert de Wunnprojet “Cité Ouschterbuer” zu Uewerkuer diffuséiert. Eng Partie vun den Hausbesëtzer werfen dem Promoteur Capelli vir, datt de Projet net viru geet a si iwwert d’Grënn vum Baustopp belu gi wieren. An enger schrëftlecher Reaktioun hat de Promoteur intern Probleemer zouginn a Besserung versprach. Op de Reportage hin hate sech eng Partie Leit bei eis gemellt, déi op anere Plazen am Land änlech Erfarunge mat där selwechter Entreprise gemaach hunn. Dacks gouf d’Fro gestallt, firwat do keen intervenéiert?

Fir d’éischt emol stellt sech d’Fro, wat ee Promoteur iwwerhaapt genee ass. De Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière, ëmschreift de Beruff esou:

“Ee Promoteur ass eigentlech een, deen een Terrain hëlt wéi en do läit an deen aus deem Terrain eng Valeur mécht andeems e kuckt, datt en dorobber Immobilie baue kann, déi en dann och realiséiert. Dat heescht, wou en dann d’Architektenteam zesummenhëlt mat den Ingenieuren, wou en entwéckelt, wou en herno d’Handwierker auswielt a kuckt, datt en dat am Prinzip an enger VEFA verkeeft. An dann och de Privatclient begleet bis zum Schluss. De Promoteur bleift dann och de Mandataire vum Client an ass eigentlech deen, deen am Numm vum Client déi Wunneng, wann et da bis verkaaft ass, fäerdeg baut.”

1.000 Promoteuren zu Lëtzebuerg

Aktuell ginn et der Autorité de la concurrence no hei am Land ronn 1.000 Promoteuren. De Jean-Paul Scheuren geet vun 200 bis 300 Professionellen aus. An de leschte Jore wieren eng ganz Partie Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm. Ma Promoteur ass net gläich Promoteur, wéi an all Branche ginn et méi a manner seriö Acteuren.

Do stellt sech d’Fro, wat iwwerhaapt d’Viraussetzunge sinn, fir als Promoteur zu Lëtzebuerg dierfen aktiv ze sinn?

“Natierlech kënnt Der och Studie maachen, dat ass net verbueden, dat ass och net falsch, déi meeschte Leit hunn dat och. Awer am Fong musst Der, fir eng Geneemegung ze kréien, ee Cours bei der Chambre de commerce maachen, deen dauert 3 Méint. Da musst der eng Assurance virweisen an da kënnt der u sech soen, ech maache Promoteur. Dat wëllt awer lo net heeschen, datt Der da wierklech mat deem Metier kënnt ufänken. Promoteur ass natierlech ee Metier, wou ee Finanze braucht, an do sinn dann aner Krittären, déi bei de Banke spillen.”

Keng staatlech Kontroll gewollt

Well d’Terrainen zu Lëtzebuerg bekanntlech net grad geschenkt sinn, braucht een an der Reegel ee Prêt vun enger Bank. An engem wirtschaftlechen Ëmfeld mat ëmmer méi héije Baukäschten an Zënsen, déi klammen, géingen d’Banken genee iwwerpréiwen, wiem se ee Kredit ginn. Enger staatlecher Iwwerpréiwung sinn d’Promoteuren iwwerdeems net ënnerworf. Datt si reegelméisseg Auditten ënnerzu sollte ginn, dovun hält de Jean-Paul Scheuren näischt.

“Een Audit ass och eng privat Firma. Ech mengen, déi gréisste Finanzkrisen, déi mer op der Welt haten, waren normalerweis bei Firmen, déi op der Bourse waren. Déi sinn all auditéiert ginn. Ech weess net, ob dat lo eppes Zousätzleches géing bréngen.”

Fir méi finanziell Sécherheet an domat méi Vertrauen setzt ee vill méi op eng Auswäitung vun de Bankgarantien.

“Do kéint ee sech natierlech d’Fro stellen, wéi kéint een dat lo nach verbessere fir de Client. Déi Bankgarantie ass ëmmer nëmme fir d’Constructioun, soll een déi Bankgarantie net sou maachen, datt se och den Terrain mat ofdeckt. Wann ee seet, den Assureur oder d’Bank huet d’Méiglechkeet, fir de Client auszebezuelen. Datt een da seet, da musse mer den Terrain awer och mat garantéieren, datt deen da rëm ganz fräi vu Schold wier. Datt ee sech do einfach muss iwwerleeë wat kann een do maachen?”

Vertrauen als wichteg Wärung

D’Aféiere vun enger Assurance décennale, also d’Garantie op eng gewësse Qualitéit vum verbaute Material, wier eng weider Piste.

Ee Promoteur hätt souwisou all Interessi, seriö ze schaffen, well ëmmer seng perséinlech Suen am Spill wieren. Dowéinst wier ee gutt Vertrauensverhältnes tëscht Client a Promoteur extrem wichteg. Dat kéint dann och nëmmen duerch eng transparent an oppe Kommunikatioun areecht ginn. Et sollt och vun Ufank u gekuckt ginn, datt de Cliente sech mat Bléck op d’Dauer an de Präis vum Projet keng falsch Hoffnunge mécht.

Online-Reklamatioune si méiglech

Sollt et awer emol zu Onstëmmegkeeten mam Promoteur kommen, kann een als Client seng Reklamatioun online bei der Commission de médiation vun der Chambre immobilière erareechen. Zil wier et ëmmer, datt een Accord am Gudde fonnt gëtt. Geriichtsaffäre kéinte sech nämlech duerchaus méi wéi 10 Joer laang zéien.

Wat d’Zukunft vun de Promoteuren zu Lëtzebuerg ugeet, fäert de Jean-Paul Scheuren, datt d’Zuel däitlech méi kleng wäert ginn. Dat op Käschte vum Lëtzebuerger Mëttelstand.

Back to Top
CIM LOGO