Norden am FokusPropose vu Landesverband an OGBL fir d’Notzen an Ausbau vum Schinnennetz

RTL Lëtzebuerg
Grad am Norde misst nach vill um Schinnenetz gemaach ginn, ma och misst een deelweis kucken, fir Industriezone besser un d'Schinnennetz unzebannen.

Déi bestoend Zuchlinne solle valoriséiert ginn, seet de Georges Merenz President vum Landesverband. Dofir huet een e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz zesumme mam OGBL divers Propose gemaach. Besonnesch den Norde vum Land stoung bei der Analysen am Zentrum.

Eng Iddi ass hei, d’Zuchlinn Biissen-Ettelbréck, déi den Ament just fir de Gidderverkéier genotzt gëtt, och fir de Persouneverkéier opzemaachen. „Biissen huet eng nei Gare an zu Colmer läit d’Gare direkt nieft engem Schoulkomplex an enger Piscine“, ënnersträicht de Georges Merenz. Mam Notze vun dëser Zuchstreck fir de Persouneverkéier hätt een eng Verbindung Biissen-Dikrech. An et kéint een d’Unzuel vun de Busser, déi aus dem Kanton Réide bis op Ettelbréck fueren, reduzéieren. Well scho géing d'Staat ënnert dem Bustrafic leiden. Dee ganze Projet soll dann och am Kader vum Projet Nordstad gesi ginn.

Eng weider Iddi, wéi de Schinnentransport am Norde kéint promouvéiert ginn, gesinn de Landesverband an OGBL doranner, d'Gleis tëscht Clierf an Ëlwen, erëm zweegleiseg auszebauen. Dofir muss de Projet vum Bau vun der Vëlospist (Clierf-Maulesmillen-Tunnel Pafemillen-Ëlwen), de Schinnen no, awer op Äis geluecht ginn. „Haut ass de Problem op där Piste, datt d’Kapazitéit net méi grouss genuch ass. Den Horaire huet mussen un d’Gleis-Kapazitéit ugepasst ginn. Dofir ass de Stopp Maulesmillen ewechgefall, well d’Zich net méi konnte laanschtenee fueren“, sou de Georges Merenz. An et wier jo och schliisslech besser, e Vëloswee duerch de Bësch ze maachen, wéi laanscht d’Schinnen ze fueren. Mat engem zweegleisegen Ausbau kéinten dann och erëm Schnellzich bis op Léck fueren.

Weider ass och op de Punkt agaange ginn, datt Industriezone misste méi un d’Schinnen ugebonne ginn. Hei ass d’Beispill Sandweiler/Conter genannt ginn. D’Industriezon läit un enger Eisebunnsstreck. Freier wier een emol mat Zich dohi gefuer, haut wier dat awer net méi méiglech a virgesinn. Dofir soll ee méi wäit Plangen, fir d’Camione vun der Strooss ze kréien.

Et soll awer net op de Mobilitéitsministère oder de Minister geschoss ginn, sou de President vum Landesverband. Et géing ganz vill gemaach an investéiert ginn. Als Leit vum Terrain wëll een hëllefen, datt den Ausbau vum Schinnennetz an déi richteg Richtung geet. An et géing een och schonn iwwert d’Period vun den Investissementer erauskucken.

Ausbau vum Schinnennetz / Rep. Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO