Am Géigesaz zu aneren Aarbechter konnten d’Prostituéiert duerch hire Statut nämlech net vum Chômage Partiel profitéieren, an haten och soss keng Sécherheeten. Wéi hunn déi Betraffen déi lescht Méint erlieft? A wéi funktionéiert déi eenzeg Ulafstell fir Prostituéierter am Land? Mir kréien en Abléck an eng Welt déi dacks am Däischtere bleift.
D’Sabrina ass eng sougenannt Travestie-Kënschtlerin, ass also u sech e Mann, dee sech als Fra verkleet. Si ass Enn 40 a schafft zanter 1998 op der Gare, wou si sech prostituéiert. Vue dass d’Sabrina onerkannt wëll bleiwen, hu mir hire Numm geännert. Wéi am Fréijoer d’Corona-Pandemie ausgebrach ass, huet d’Sabrina hir Aktivitéit misse stoppen. Wéi de Recht vun der Bevëlkerung ass si doheem bliwwen. Zwee Méint laang konnt d’Sabrina net schaffe goen, hiren eenzege Revenu ass also ewechgebrach. Mat spadséiere goen a Filmer kucken huet si d’Zäit ëm kritt. Eppes wat sech vill vun hire Kolleeginnen awer net erlabe konnten, erkläert d’Sabrina.
“Comme j’habitais en famille à l’époque, c’était plus facile parce que j’avais quand même ma famille qui pouvait m’aider. Mais il y a des gens qui ont continué à travailler malgré l’interdiction, mais en cachette quoi. Il fallait manger, il fallait vivre. Et comme il y a beaucoup de filles qui sont dans des chambres, il fallait bien qu’elles continuent pour pouvoir payer sinon elles seraient mises dehors, elles seraient dans la rue, sans logement. C’était vraiment compliqué.”
A genee do spréngt den DropIn an, eng Ulafstell op der Gare fir Prostituéierter an Drogenofhängeger. Zanter dräi Joer leet d’Tessy Funck dëse Service, dee medezinesch, sozial, psychologesch a materiell Ënnerstëtzung bitt. Och wann de Service wärend dem Lockdown staark reduzéiert war, huet den DropIn souzesoen eng éischt Hëllef geleescht fir déi schwéierst Zäit z’iwwerbrécken. Nieft Spenden a Form vun Iessen, Kleeder a Suen, huet och déi telefonesch Permanence eng grouss Roll gespillt. Fir vill Betraffener wieren d’Aarbechter vum DropIn nämlech déi eenzeg Uspriechpartner.
Tëscht 650 a 750 Prostituéierter am Joer gesinn d’Tessy Funck an hir Ekipp. Si ginn awer dovunner aus dass duebel sou vill dobaussen aktiv sinn. Fir si z’ënnerstëtzen, verdeelen Streetwork-Ekippe reegelméisseg Kondomer, Gleitgel a Tamponen. Neierdéngs och Desinfectant a Masken. D’Aarbecht um Terrain wier fir si dee wichtegste Volet, erkläert d’Tessy Funck, well net all Prostituéiert wéilt sech am Büro weise kommen.
“Wann ee bei eis an de Service erakënnt, weess een, dass een entweder eng Prostituéiert ass oder leider iergendeng Dependance huet. A mir hunn eben vereenzelt Clienten, déi léiwer do ënne wëlle stoen, respektiv déi déi Zäit gesinn, fir vun do ënnen heihinner ze kommen, ass eng “Perte de Clients”, well et kéint jo sinn, dass ee Client grad deen Ament tournéiert an dann hëlt en dat nächst mat. An dat ass eng “Perte de Revenu”. Dat heescht, mir sinn haaptsächlech do ënnen, fir och matzekréien, wat grad um Stréch geschitt, wou si eis erzielen, wat grad lass ass, vläicht och Problemer mat Clienten, déi si hunn. Da kënne mir si weider orientéieren an déi Servicer an déi si mussen oder sollte goen.”
Et géing dorëms goen, de Sex-Aarbechter ze weisen, dass si fir si do sinn. Ma och wann de Volet Streetwork wärend der akuter Kris ewechgefall ass, huet sech duerch Gespréicher mat de Betraffenen erausgestallt, dass sech eng grouss Veronsécherung breetgemaach huet. Vill Prostituéiert féieren nämlech een Duebelliewen, erkläert d’Tessy Funck, an duerch de Lockdown hu se riskéiert, bei Famill a Frënn opzefléien, well si ouni Revenu a staatlech Ënnerstëtzung doheem waren.

Dass Prostituéiert kee Recht op staatlech Hëllef wéi de Chômage Partiel hunn, läit un hirem spezielle Statut. Prostitutioun ass nämlech weder erlaabt, nach verbueden. De “Lëtzebuerger Modell”, wéi en am “Plan d’Action National Prostitution” genannt gëtt, läit dobäi quasi tëscht dem restriktive schwedesche Modell (wou d’Clienten bestrooft ginn) an dem liberalen däitsche Modell, wou Sex-Aarbecht als normale Beruff ugesi gëtt a Bordeller zum Beispill erlaabt sinn.
Den Ament gesäit et net esou aus wéi wann de legale Kader deemnächst géing ugepasst ginn. Op Nofro beim Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer heescht et just, dass “eng Volontéit an e Kader do ass, fir op d’Besoinen an Entwécklungen vum Terrain anzegoen”. Zanter dem Februar 2020 wier nämlech een Aarbechtsgrupp am gaangen den nationalen Aktiounsplang z’evaluéieren.
D’Sabrina géing sech wënschen, dass d’Prostituéiert zu Lëtzebuerg unerkannt ginn.
“Ce n’est pas interdit, ce n’est pas autorisé. On est là mais on n’existe pas. On est comme un petit fantôme. Ce serait bien qu’on soit reconnu. Parce que quand il y a un problème et si on n’existe pas, on ne peut pas être aidé. Et on a vu ça pendant le Covid, c’était vraiment difficile même si on a eu beaucoup d’associations qui ont essayé de tout faire pour nous aider et pour nous faire valoir nos droits un peu quand même. ”
D’Situatioun um Stréch hätt sech och 5 Méint nom Lockdown net normaliséiert, erzielt d’Sabrina. D’Clienten hätte wéinst dem Virus Angscht ze kommen. Ma och aus finanzielle Grënn géinge se ewech bleiwen. Well och si bleiwen net verschount vun de wirtschaftleche Repercussioune vum Virus a kënne sech d’Servicer vun enger Prostituéierter eventuell net méi leeschten.
Mat den neie sanitäre Mesuren ze schaffen, wier par conter kee Problem. De Gros vun de Cliente géing d’Mask acceptéieren a sech drun halen. Wat dem Sabrina méi Suerge bereet, ass d’Zuel vun den Neiinfektiounen, déi den Ament staark klëmmt.
“On a peur que le gouvernement nous confine à nouveau parce qu’on ne saura pas comment gérer. Et même les services comme Caritas et DropIn ne peuvent pas non plus nous soutenir tout le temps. On a vraiment peur parce que c’était tellement difficile la première fois, mais espérons pas qu’on soit confiné à nouveau.”
Fir och an Zukunft esou Krise bewältegen ze kënnen, wënscht d’Sabrina sech, dass de legale Kader ugepasst an eng Léisung fonnt gëtt, mat där jiddereen zefridden ass. Ma virun allem wéilt si, dass dat Thema Prostitutioun mat méi Mënschlechkeet an Toleranz behandelt gëtt.