PoliceProvisorescht Fuerverbuet fir zwee alkoholiséiert Automobilisten

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, haten dëse Weekend nees e puer Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt a waren dono hire Permis lass, op d'mannst emol provisoresch.
© RTL Archivbild

E Sonndeg den Owend gouf e Gefier op der Héicht vun der Gare zu Éiter gemellt, dat am Zickzack géif gesteiert ginn. Eng Patrull huet de Won spéider op der Héicht vun der Mutferter Strooss gestoppt. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an d’Fra hannert dem Steier krut e provisoresche Fuerverbuet.

An der Nuecht op e Méindeg gouf op der Héicht Rolleng bei Miersch dann nach e Chauffer gemellt, deen alkoholiséiert géif Auto fueren. Op der Héicht vu Colmer-Bierg ass hie vun der Police gestoppt ginn an huet missen en Alkoholtest maachen, dono gouf et och fir dëse Chauffer e provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO