„Ech si ganz optimistesch, dass dat klappt” – esou huet den Aarbechtsminister Dan Kersch e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun reagéiert, op d’Fro nom zousätzleche Feierdag vum 9. Mee. D’Prozedure géife lafen, dass dat dëst Joer schonns klappt. Dat géif och fir den zousätzleche legale Congésdag gëllen.
Déi ganz Diskussioun, iwwert déi virun allem d’Patronat jo net ganz glécklech ass, misst een an der Optik vun enger Aarbechtszäit-Verkierzung gesinn, sot den Dan Kersch.
Eng Flexibiliséierung vum Congé collectif, wéi dat rezent emol vum François Bausch an de Raum geworf gouf, wier fir den Aarbechtsminister iwwerdeems keen Thema. Et stéing net am Koalitiounsvertrag, an et géife jo och haut schonns Méiglechkeeten ginn, fir och am Congé collectif kënne weider ze schaffen, och wann d’Regierung do drop keen Afloss kéint huelen.
„Mir hunn ëmmer méi där prekärer Aarbechtssituatiounen“ an „mer musse legiferéieren“. Dat sot den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch, ugeschwat op d’Situatioun vu Scheinselbständigkeit vu Freelancen. Den Dan Kersch sot, d'Diskussioune wieren am gaang am Zesummenhang mat der Flexibilitéit op der Aarbecht, och mat de Sozialpartner. Wat kloer wier, dat ass datt wann et en Aarbechtsverhältnis mat engem Patron gëtt, et net kéint sinn, datt d’Aarbechtsrecht kënschtlech ëmgaange gëtt. Dat selwecht géing gëlle wann et ëm déi sougenannt „faux Cadren“ geet. Dat si Salariéen, déi en Echange vun e puer Responsabilitéiten oder Bedeelegung un der Firma, net méi un déi klassesch Aarbechtskonditiounen gebonne sinn.
E Mëttwoch de Moie war den Aarbechtsminister eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.