Revendicatioune vum LFRPsycheschen Encadrement an Accès zu Aarbecht fir Flüchtlinge gefuerdert

Christophe Hochard
De Flüchtlingsrot huet eng ganz Rei Revendicatiounen. Nach ëmmer flüchte vill Mënschen op Lëtzebuerg. Bis si hei ukommen, hu si munch Risken op sech geholl
Bessere psycheschen Encadrement an Accès zu Aarbecht fir Flüchtlinge gefuerdert
De Flüchtlingsrot huet eng ganz Rei Revendicatiounen. Nach ëmmer flüchte vill Mënschen op Lëtzebuerg. Bis si hei ukommen, hu si munch Risken op sech geholl.

En vue vun de Chamberwale stellt de Flüchtlingsrot Revendicatiounen un d’Politik, dorënner psycheschen Encadrement an Zougang zu Aarbecht.

1.250 Mënschen hunn am Dezember 2021 de Flüchtlingsstatut ugefrot. Iwwer 2.200 Leit waren et zejoert am Dezember. Bal 900 Mënschen hunn am Mee dëst Joer eng Demande gestallt. An et wieren och ëmmer nees Kanner, déi ouni Begleedung op Lëtzebuerg keimen. De Flüchtlingsrot fuerdert e juristesche Statut fir dës jonk Leit.

Déi Responsabel vum Flüchtlingsrot wëlle bis zur Summervakanz all déi verschidde politesch Parteien zu deem Thema gesinn. Verschidde Gespréicher wiere scho gefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO