
An der Restauratioun an an der Hotellerie feele Leit, dee Constat gëtt zanter der Pandemie ëmmer nees gemaach. Zwar sinn et der manner wéi direkt nom Covid; aktuell geet ee vun 1.200 bis 1.500 Leit aus, déi feelen, ma de Secteur muss sech nieft den Nowéie vun der Pandemie och un e Changement an der Mentalitéit winnen.
Dem Lou Reiter seng Bäckerei mat Restaurant an der Stad sinn ee spezielle Fall an dëser Debatt. De jonke Manager huet dës Franchise viru 6 Méint iwwerholl a schafft vill mat Personal, dat Englesch schwätzt, och well seng Clienten haaptsächlech Expats sinn. Doduercher géing een och aner CVen unzéien, also zum Beispill Personal dat schonn Erfarung am Ausland gesammelt huet.
Duerch d’Bäckerei mécht hie scho moies ëm 7 op a ka senge Leit sou och familljefrëndlech Schaffzäiten ubidden. Domat kann hien och Elterendeeler engagéieren, déi hir Kanner eleng erzéien a sech un d’Auerzäite vun de Maisons relaisen upasse mussen.
Et misst een acceptéieren, dass d’Aarbechtsmentalitéit sech geännert huet an deem duerch Flexibilitéit entgéintkommen. De Manager kritiséiert, dass d’Schold fir eng Faillitte oder e Commerce, deen net gutt geet, séier Mol op d’Personal gedréckt gëtt. “Ech perséinlech fannen dat ze einfach, well de Patron huet eng Responsabilitéit fir d’Personal. An d’Qualitéit vum Personal reflektéiert d’Qualitéit vum Manager respektiv vum Patron.”
Dass d’Personal de Fonds de Commerce vun engem Betrib ass a respektéiert muss ginn, ass evident fir den Alain Rix, President vun der HORESCA. Déi vertrëtt d’Hotellerie, d’Restauratioun an d’Cafetieren. Nieft méi flexibelen Aarbechtszäiten, déi net an all Betrib d’selwecht méiglech ass, wier och d’Formatioun vu Quereinsteiger eng Pist. D’Betriber wiere meeschtens net grouss genuch, fir d’Formatioun selwer ze maachen: “Mä mir hu jo awer dofir d’Hotelsschoul, mir hunn dofir den LTB, d’House of Entrepreneurship an d’House of Training vun der Chambre de Commerce. Mir selwer an der HORESCA bidden och nach Formatiounen un. Ech mengen, dass dat awer kann hëllefen”.
Haaptsächlech feelen, géinge Käch a Commisen, also Leit, déi am Service oder der Kichen zur Hand ginn. Nieft den internen Aarbechtskonditioune stellen de Lou Reiter an den Alain Rix awer fest, dass den Ëmgank vun de Clientë mam Personal deels méi rau ginn ass, eng Entwécklung, déi hinne Suerge mécht.