36 HektarQuartier "NeiSchmelz" zu Diddeleng entsteet iwwer 15 bis 20 Joer

Christophe Hochard
Op enger Surface vu 36 Hektar, der Industriebrooch vun Diddeleng, entsteet an den nächste 15 bis 20 Joer e fuschneie Site.
Quartier "NeiSchmelz" zu Diddeleng
Op enger Surface vu 36 Hektar, der Industriebrooch vun Diddeleng, entsteet an den nächste 15 bis 20 Joer e fuschneie Site.

Diddeleng ass d’Wéi vun der ARBED. 1883 ass et hei mat der Schmelz lassgaangen, Oktober 2005 war definitiv Schluss. Eng 4.000 Leit hu fréier hei geschafft. An den nächste 15 bis 20 Joer wäerten hei bal grad souvill Leit wunnen. Erschwéngleche Wunnraum, dee batter néideg ass. Déi Responsabel beim Fonds du Logement hunn eng 6.000 Dossiere mat Demandë fir Wunnengen.

Op enger ronn 40 Hektar grousser Surface soll bis 2042 e fuschneie Quartier zu Diddeleng entstoen. “NeiSchmelz” genannt. Um Enn vun dësem Joer, ugangs 2024 sollen déi éischt Baggeren hei um alen Arbed-Site rullen. Déi Gebaier, déi net an den neie Quartier integréiert ginn, ginn ofgerappt. Duerch seng laang Industriegeschicht muss de kompletten Terrain gebotzt ginn, also sanéiert. Fir all dës Aarbechte sinn 2 bis 3 Joer virgesinn.

Am Total bleiwen 85 Prozent vun de fréiere Arbedsgebaier erhalen. Ronderëm entsti Wunnengen, Geschäfter a Crèchen an eng Schoul. 1.600 Logementer ginn op dëser Friche gebaut. 3.600 Mënsche kommen heihinner wunnen. E gëtt CO2-neutral an autofräi. 22.000 Awunner huet Diddeleng, 30.000 kéinte spéider mol an der Forge du Sud wunnen.

Back to Top
CIM LOGO