
Jee nodeem, wéi een et kuckt, reechen d’Wuerzele vu Radio Lëtzebuerg bis an d’Joer 1924 zeréck. D’nächst Joer géing RTL also säin 100. Gebuertsdag feieren. Bis elo gouf d’Geschicht vum Sender nach net wëssenschaftlech opgeschafft. Dat ass awer grad am gaangen, sech ze änneren. Geleet gëtt de Projet vum Dominique Santana vum Centre for Contemporary and Digital History (C²DH). Ma wat war iwwerhaapt d’Motivatioun, d’Geschicht vun engem Privatsender opzeschaffen?
“Ech hunn, sou wéi vill Leit aus menger Generatioun, oft mol héieren, jo Radio Luxembourg, am Ausland, wann een da seet, ech kommen aus Lëtzebuerg, oh yeah Radio Luxembourg a sou. An dann hunn ech mech ëmmer gefrot, firwat lauschtere si hei RTL? Ech hunn et wierklech net verstanen. Bis ech du mol e bëssi gefuerscht a verstanen hunn, datt Radio Lëtzebuerg carrement Pionéier war an der Medielandschaft am ganzen 20. Joerhonnert.”

Dat ënnert anerem, well RTL vun Ufank u fir ee Milliounepublikum a méi Sprooche gesent huet, wat och zu engem immens grousse sozialen Impakt gefouert hätt. Fir d’Geschicht vum Sender opzeschaffen, gouf d’Onlineplattform radio.lu geschaaft. Beim Projet, deen ee méiglechst breede Public areeche soll, gëtt d’Method vun der sougenannter Oral History ugewannt. Dës baséiert dorobber, datt Zäitzeien hir Geschicht erzielen. Zil ass et, Geschicht méiglechst ongefiltert ze erzielen. Fir dat ze areechen, si souwuel Nolauschterer wéi och fréier Mataarbechter dozou opgeruff, sech ze bedeelegen. An dat géing bis elo richteg gutt klappen.
“Bis elo hate mer keng Schwieregkeeten, also mir hunn och am digital history lab vum C²DH schonn ugefaangen, Kollektiounen ze numeriséieren. Mir sinn am gaangen Archive vum Gust Graas, deen der bestëmmt kennt, ze numeriséieren, awer och vum Barry Alldis vum englesche Service. Mir kruten och scho Material vum Frank Elstner.”

Den 23. Juni gouf et beispillsweis an der Lëtzebuerger Ambassade zu London een Treffe mat ronn 20 fréieren DJe vum englesche Service an hire Familljememberen. Dobäi krut de C²DH eng Partie Këschte mat Archivmaterial iwwerreecht, déi am Kader vum Projet digitaliséiert an opgewäert ginn.

Ma wéi gesot kënnen och “normal” Leit souwuel Toundateie wéi och Gadgeten, beispillsweis Bicker, Pousteren oder Kleedungsstécker eraschécken. D’Roll vum Eenzelen ass awer net nëmmen déi vum Liwwerant vun Erënnerungsstécker, mee e soll och an hir Interpretatioun agebonne ginn.
Op der Onlineplattform gëtt et iwwregens ee sougenannte “Research Diary”, an deem a reegelméissegen Ofstänn wichteg Etappe vum Projet festgehale ginn.
Iwwert d’Internetsäit eraus wäerten eng Podcast-Serie mat der Hëllef vun de Studente vum Masterstudiegank “Digital and public history”, deen d’nächst Joer ufänkt, lancéiert an een Dokumentarfilm an Zesummenaarbecht mat engem professionelle Studio gedréint ginn. En plus gëtt an der Villa Louvigny eng augmented reality-Ausstellung zur Geschicht vum Gebai als Sendezentrum organiséiert, déi dono op anere Plazen uechtert d’Welt, ënnert anerem a Lëtzebuerger Ambassaden, wäert gewise ginn.