"Stabil Perspektiv"Ratingsagence Fitch confirméiert den Triple-A fir Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Ratingsagence "Moody's" hat den "AAA" fir Lëtzebuerg schonn am Mäerz confirméiert.
© AFP-Archiv

Wéi et e Samschdeg de Moien aus dem Finanzministère heescht, huet d’Ratingsagence “Fitch” e Freideg den “AAA” vum Grand-Duché confirméiert - an dat mat enger stabiller Perspektiv.

Et wier d’Aschätzung vun der Agence, datt Solidaritéitsmesüren, wéi zum Beispill den Energiedësch, d’Kafkraaft vun de Stéit erhalen hätt. Esou wier deemno och an engem wirtschaftlech méi luesen Ëmfeld déi bannescht Demande stimuléiert ginn.

De sougenannten Tripe-A ass déi héchste Bewäertung, déi eng Ratingsagence kann ausginn. Wann e Land en Triple-A-Rating huet, geet een dovunner aus, datt et seng Scholden zouverlässeg zréckbezuele kann an de Staat kritt deemno zu gënschtege Konditioune Sue geléint.

PDF: Triple-A vu Fitch

Back to Top
CIM LOGO