De Rapport „Agriculture 2.0“, deen e Mëttwoch de Moien am Haus vun der Natur virgestallt gouf, ass e Plädoyer fir eng Neiausriichtung vun der Lëtzebuerger Agrarpolitik: Dat sot de Raymond Aendekerk als Invité vun der Redaktioun. Kritiken aus dem viregte Rapport vun 2004 wären an dësem erneiert ginn; et géif een awer och opweisen, wou et kéint higoen, wann d'Bauere mat am Boot séizen, well da wär et méiglech, eppes Positives ze maachen, sou den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg a Member vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“. Aktuell stéingen d'Baueren nach ëmmer immens ënner Drock.
D'Quote bei der Mëllech wären ewechgefall, eng Rei Betriber hätte sech vergréissert, nach wie vor wären d'Landpräisser ënner Drock, ëmmer méi Betriber géifen ophalen an et géif un Dynamik a jonke Leit feelen. D'Bauere kéinten nëmmen iwwerliewen, wann déi aktuell Subventiounspolitik bestoe bleift, sou de Raymond Aendekerk. Et wéilt een dës Subventiounspolitik erhalen, mee et bräicht een eng Ëmschichtung, fir datt eng Plus-value fir déi gesamt Gesellschaft géif erausfalen.
An der Plattform „Meng Landwirtschaft“, déi eng Rëtsch ONGe regruppéiert, sinn de Moment just d'Biobaueren dran; et hätt een zwar den Dialog mat aneren Organisatioune gesicht, déi awer nach net mat am Boot sëtzen, wat allerdéngs nach méiglech wär, wéi de Raymond Aendekerk betount huet. Hie bedauert dat, well bei de konventionelle Bauere géif ee vill berechtegt Kritik héieren, déi een och zu engem groussen Deel géif mat droen.
De Wee a Richtung méi Biolandwirtschaft misst virgezeechent ginn, huet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg a Member vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“ verlaangt; d'Politik wär do gefuerdert, fir zum Beispill festzeleeën, dass bis dann an da nach just souvill Pestiziden ze gebrauche wären. Dem Raymond Aendekerk feelt et awer op deem Gebitt u Konsequenz vu Säite vun der Politik a vun de Baueren.
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch ëm 10 op 8 war den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.