Méiglech Presenz vu metalle StéckerRéckruff vum Wäisse Kéis vu "Minus L"

RTL Lëtzebuerg
2 Kéis-Produite vun der Mark "Minus L" goufen zeréckgeruff.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Wéi d’Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun an engem Schreiwes matdeelt, kéinten a béide Produite metalle Stécker enthale sinn.

Betraff sinn de Produit “Speisequarkzubereitung 40% Fett” am 250-Gramm-Pak mat den Oflafdatumer vum 24. September bis den 1. Oktober 2023 an de Produit “Speisequarkzubereitung Magerstufe” am 250-Gramm-Pak mat den Oflafdatumer vum 20. September bis de 4 Oktober 2023.

Back to Top
CIM LOGO