Quo Vadis SPD?Récktrëtt vu Presidentin Andrea Nahles: Aschätzung vum Ben Fayot

RTL Lëtzebuerg
Den Dag vun e Sonndeg war kee gudde fir Parteipresidenten an eisen zwee groussen Nopeschlänner. Den Eric Ewald huet mam Ben Fayot doriwwer geschwat.

Um Sonndeg den Owend huet nämlech a Frankräich de Laurent Wauquiez, President vu Les Républicains, seng Demissioun bekannt ginn, nëmme Stonnen, nodeems eben an Däitschland d'Andrea Nahles, Presidentin vun der SPD, hire Récktrëtt als Partei- a Fraktiounscheffin ugekënnegt hat. V.a. dës Demissioun ass problematesch, well d'SPD jo zesumme mat CDU/CSU d'Regierung stellt.

Den Eric Ewald huet an deem Zesummenhank mam Ben Fayot, Ex-President vun der LSAP, geschwat.

De ganzen Interview mam Ben Fayot.

D'SPD ass an enger ganz schwiereger Situatioun, souwuel als Partei wéi och als Koalitiounspartner, seet de Ben Fayot. Si war eng grouss lénks Vollekspartei an ass et haut manner, no de leschte Walresultater, "mä si huet sech ëmmer verstanen als de Géigesaz zu där méi konservativer CDU/CSU, an déi zwou grouss Volleksparteien haten den Usproch, fir dat Land ze prägen."

Duerch Wale wären déi zwou Parteien zur grousser Koalitioun forcéiert ginn, wat an der däitscher Traditioun eppes Onnatierleches wär. Nom Récktrëtt vum Andrea Nahles wär d'SPD elo duebel schlecht drun:

"Si ass engersäits an der Klemm vun enger Koalitioun, déi se agaangen ass, duerch d'Logik vun de Walen, mä wou se am Fong geholl manifestement net glécklech ass, well se dat net kann erreechen, wat se eigentlech wollt, an anerersäits ass se parteiintern an enger grousser Klemm, well et do Fligele gëtt. Déi eng, déi wëllen an där Koalitioun bleiwen, déi wëlle weiderschaffen, an déi aner, déi wëlle soen, elo geet et duer, elo musse mer erëm vill méi op eis Eegenheet pochen."

Dem fréieren LSAP-President no dierft dat zu enger riseger Ausenanersetzung bannent der SPD féieren, well béid Weeër grouss Nodeeler hätten. D'Partei kéim wuel net dolaanscht, fir d'GroKo weiderzeféieren. Et wären awer grouss Diskussiounen an der Partei néideg, fir bei nächste Walen e bessert Bild ofzeginn. D'SPD bräicht och séier e grousse Succès, z.B. bei der Grondrent. Do géif et allerdéngs d'Schwieregkeet ginn, fir d'Positioune vun SPD an CDU/CSU zesummenzebréngen:

"Et ass z'erwaarden, dass d'SPD elo, an där Situatioun, wou se ass, nach vill méi staark op dee soziale Projet vun der Grondrent pocht, fir "par le haut", wann do e Konflikt géif entstoen - a menger Asiicht no ass e Konflikt méiglech, ass méi probabel, elo, wéi e virdru mat der Mme Nahles war -, aus där Koalitioun erauszegoen."
Et wär zimlech probabel, dass et dorop ausleeft, mengt de Ben Fayot, an deem sengen Aen et fir Europa och ni e gudde Moment ass, wann eng grouss däitsch Partei sou Problemer huet. D'SPD misst sech awer erneieren, an hien hätt Vertrauen an d'däitsch Demokratie, fir dës Situatioun z'iwwerbrécken.

Back to Top
CIM LOGO