Gréng Luucht an der ChamberReform vu Steierbonifikatiounen a Finanzement vu Gardë vu Spidolsdokteren

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gouf e Gesetz fir d'Finanzéierung vun den Astreintë vun de Spidolsdokteren an d'Reform vun de Steierbonifikatioune fir Betriber ugeholl.
© Laurent Weber / RTL

En Dënschdeg gouf an der Chamber d’Gesetz gestëmmt, dat de Finanzement vun de Garden an Astreintë vun de Dokteren an de Spideeler reegelt. Bis elo war dat an engem Pilotprojet iwwert eng Konventioun tëschent dem Staat an der Spidolsfederatioun gereegelt, deen Enn des Mounts ofleeft.

Fir dat anert Joer ass eng Enveloppe vu 60,5 Milliounen Euro virgesinn, wéi den CSV-Deputéierten a Rapporter Max Hengel sot.

“Et ass wichteg, datt medezinescht Personal gutt fir eng Déngschtleeschtung bezuelt gëtt”, huet de François Bausch vun déi Gréng ënnerstrach, anengems awer och betount, datt et genee sou wichteg ass, iwwerhaapt gutt Personal ze hunn.

D’Gesetz gesäit och vir, datt d’Maximalzuel vun de Better a verschiddene Beräicher an d’Luucht gesat gëtt. An der Geriatrie aigue vun 120 op 195. An der Pediatrie de proximité, wou den Ament scho méi Better benotzt ginn, wéi der geneemegt sinn, geet d’Zuel vun 12 op 40 erop an an der Jugendpsychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman gëtt et eng Hausse vu 35 op 45 Better.

Reform vun de Steierbonifikatiounen

Iwwerdeem gouf et an der Chamber gréng Luucht fir d’Reform vun de Steierbonifikatioune fir Betriber. D’Entreprisë ginn esou bei der Digitalisatioun an der energeetescher Transitioun ënnerstëtzt.

D’Deputéiert hunn och e Gesetzprojet ugeholl mat deem Steierbonifikatioune fir Investissementer vu Betriber reforméiert ginn. D’Entreprisë sollen esou an der ekologescher an energeetescher Transitioun an an der digitaler Transformatioun ënnerstëtzt ginn. Eng Mesure, déi op de Solidaritéitspak 2.0 aus dem September 2022 zeréckgeet.

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet drun erënnert, datt een déi Moossnam reegelméisseg misst evoluéieren an upassen.

Deen neien Dispositif gëllt vum Steierjoer 2024 un.

Back to Top
CIM LOGO