
Dës weist sech an engem Schreiwes vun e Sonndeg den Owend erfreet doriwwer, well sou eng Plattform déi ideal Plaz wier, fir sech iwwert Léisungen zu aktuelle Problemer auszetauschen.
Virun allem d’Reform vum Agrargesetz suergt am Secteur jo fir Diskussiounen.
D’Baueren-Allianz géif dofir d’Annonce vun der Regierung begréissen, beim Reduzéiere vun de Klima-Emissiounen op e Partenariat tëscht Landwirtschaft a Politik ze setzen.