InneministèreReform vum Gemengegesetz, ma d'Käschte-Fro bleift der CSV no ongekläert

Maxime Gillen
Net manner wéi eng komplett Reform vum Gemengegesetz, dat huet sech déi nei Inneministesch Taina Bofferding op den Agenda gesat.

An der zoustänneger Chamberskommissioun huet d’Ministesch en Donneschdeg de Mëtteg mat den Deputéierten iwwert d’Zukunft vun de Gemengen diskutéiert an hier Pläng fir dëse Ressort presentéiert. Ma wat d’Käschten ugeet, do waren och méi kritesch Téin ze héieren.

Reform vum Gemengegesetz - Reportage Maxime Gillen

Déi nei Regierung huet grouss Pläng wat d’Gemenge betrëfft. Als éischt soll emol dat méi wéi 30 Joer aalt Gemengegesetz op de Leescht geholl ginn. Et géife sech ëmmer erëm nei Erausfuerderungen an Aufgabe fir d’Gemenge stellen an doru misst een de Gesetzestext upassen, esou d’Taina Bofferding. En aneren Dossier sinn d’Gemengefusiounen. An hei ass et der Ministesch wichteg, dass d’Initiativ vun de Gemenge selwer ausgeet.

D'Taina Bofferding: “De Ball läit hei bei de Gemengen. Mat mir wäerten et sécherlech keng Zwangsfusioune ginn. Mir beroden d’Gemenge ganz gären, mir ënnerstëtzen se och – och finanziell, mee et ass un de Gemengen ze decidéieren ob si wëllen d’Fusioune maachen an da si mir prett fir hinnen ze hëllefen.”

Wat der Regierung hir Pläng ugeet fir den ëffentlech Transport, d’Maison Relaise wärend de Schoulzäiten an de Museksunterrecht gratis ze maachen, do huet dem Gilles Roth vun der CSV eng kloer Zouso gefeelt, dass d’Gemengen d’Käschten dofir net missten droen. D'Ministesch hätt net kéinte garantéieren, dass d'Gemengen näischt misste bezuelen, fir d'CSV ass dat inacceptabel. Deen dee bestellt, misst och bezuelen, esou nach de Gilles Roth.

D’Ministesch par konter fënnt et speziell, dass een sech esou skandaliséiert géif weisen, iwwert eng Diskussioun, déi nach iwwerhaapt net gefouert gi wier. Et misst een sech elo mol fir d’éischt mat de Gemengen zesumme setze fir ze kucke wéi dës Mesurë kënnen ëmgesat ginn. An et wier virun allem wichteg, dass et net zu enger Debatt “de Staat géint d’Gemengen” géif kommen.

Back to Top
CIM LOGO