DrénkwaasserknappheetRegierung ënnerstëtzt Projet fir Muselwaasser opzebereeden

RTL Lëtzebuerg
Den Ëmweltministère ass am Gaangen z’analyséieren, wéi d’Waasser aus der Musel kann opbereet ginn.
© RTL Archivbild

Dat schreift d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Diane Adehm. D'CSV-Deputéiert wollt wëssen, wéi eng Pisten analyséiert ginn, fir nei Drénkwaasser-Sourcen ze schafen.

E Rapport vum "World Ressource Institute", deen am August publizéiert gouf, huet de Risiko vun engem Drénkwaassermanktem fir Lëtzebuerg op "mëttel- bis héich" geschat. Dat géifen och déi national Etüde confirméieren, esou d’Ëmweltministesch. Etüden aus de leschten 10 Joer hätten erginn, datt d’Opbereede vum Muselwaasser sech aus technescher a quantitativer Siicht am beschte géif eegenen, fir méi Drénkwaasser ze schafen. Dofir misste wärend engem Joer detailléiert Observatiounen an Analyse vum Muselwaasser gemaach ginn – e Projet, deen d’Regierung ënnerstëtzt a finanzéiert, esou d’Carole Dieschbourg.

PDF: Parlamentaresch Fro vum Diane Adehm + Äntwert vun der Ëmweltministesch

Back to Top
CIM LOGO