Fëmmen op TerrassenRegierung gewëllt, Sensibiliséierungscampagnë finanziell z'ënnerstëtzen

RTL Lëtzebuerg
Den Horesca-Secteur hat annoncéiert, fir eng Sensibiliséierungscampagne iwwert d'Fëmmverbuet op den Terrassen an d'Weeër ze leeden.
© RTL Télé Lëtzebuerg

D'Regierung wier gewëllt, wann eng Demande géif bestoen, Sensibiliséierungscampagnen iwwert d'Fëmmverbuet op Terrassen finanziell oder och soss z'ënnerstëtzen. Den Horesca-Secteur hat jo esou Campagnen annoncéiert. Dat schreiwen de Mëttelstandsminister Lex Delles an de Gesondheetsminister Etienne Schneider an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt.

An der Äntwert heescht et weider, datt et de Moment kee Logo gëtt, fir fëmmfräi-Terrassen ze markéieren, dat wier och net geplangt. Mee ee Schëld fir ze weisen, datt op enger bestëmmter Terrasse net duerf gefëmmt ginn, wier sech z'erwaarden. D'Ministere präziséieren dann och, datt een um Internet, elo scho Plattforme géif fannen, déi Plaze markéieren, wou bestëmmte Kritäre gëllen. Do kéint een och mat de Lëtzebuerger Plattforme Kontakt ophuelen, fir datt si och d'fëmmfräi-Terrassen drop vermierken.

PDF: Äntwert op Parlamentaresch Fro vun der Nancy Arendt

Back to Top
CIM LOGO