
Nodeems ewell e Mëttwoch bal 20 Reglementer geholl gi sinn, déi den Etat de crise preziséiere respektiv d'Mesuren, déi an der Lutte géint de Covid-19 geholl ginn solle méi kloer maachen, goufen vun der Regierung e Freideg nach eemol 9 Reglementer ugeholl, déi op verschiddene Punkte Prezisioune schafen.
Esou ass et Patrone vu Firmaen, déi als essentiell fir d'Fonctionéiere vun der Wirtschaft agestuuft goufen, méiglech, fir Congéen ze refuséieren oder och fir ewell accordéiert Congéen ze sträichen.
Dann ass et och esou, datt et weider méiglech ass, mat sengem Gefier hei am Land ze fueren, och wann d'technesch Kontroll zu Sandweiler oder enger anerer Kontrollstatioun net gemaach gouf - dat gëllt vum 18. Mäerz u bis zum Enn vum Noutstand. De Staatsminister huet vun enger Toleranz geschwat, déi just um Territoire vun eisem Land fir dës Gefierer géif spillen, fir déi u sech d'technesch Kontroll ofgelaf wier.
Da goufen eng Partie Derogatiounen ugeholl, déi bei Delaie fir d'Chomage-Indemnitéiten respektiv d'Obligatioun spillen, déi ausgesat gëtt, fir Leit, déi a Maison-de-Soinen oder CIPAe schaffen, fir mussen e medezineschen Test ze maachen.
