Lëtzebuerg hätt an de leschte Joren um europäesche Plang proaktiv dozou bäigedroen, dass gemeinsam europäesch an international Reegele Punkto Informatiounsaustausch an Anti-Blanchiment agefouert ginn. No LuxLeaks hätt ee konsequent Mesuren a Richtung Steiergerechtegkeet an Transparenz geholl.
Der Justizministesch Sam Tanson no wier natierlech och an dësem Dossier nach Loft no uewen an et géif een och all opgedeckten Affär duerch d'Press suivéieren.
Effektiv hätt een och schonn Iwwerleeunge gehat, fir den RBE besser ze kontrolléieren, respektiv d'Kontroll net nëmmen den Acteuren aus dem Secteur z'iwwerloossen, esou d'Justizministesch. An dozou gehéiert notamment och eng besser Vernetzung mat der Cellule de renseignement financier CRF, déi ënnert anerem och fir d'Lutte géint de Blanchiment zoustänneg ass.
„Mir sinn och am gaange mat kucken, wéi mir nach besser kënnen eng Vernetzung maachen tëscht den Daten, déi bei der CRF leien an deenen, déi beim RBE unhängeg sinn, fir z'iwwerpréiwen, a wéi fern et do problematesch Donnéeë gëtt, fir dass esou séier wéi méiglech ka poursuivéiert ginn, wann e Problem ass.“Et misst een nämlech alles maachen, fir déi schwaarz Schof z'identifizéieren an och fir déi Leit ze sanktionéieren, déi esou Praktiken toleréieren oder méiglech maachen. Ëmmerhi géifen déi d'Reputatioun vun der ganzer Finanzplaz op d'Spill setzen, esou nach d'Ministesch.
Déi gréissten Oppositiounspartei, d'CSV, huet sech iwwerdeems der Positioun vun der Regierung ugeschloss an och d'Kommunikatioun vun der Regierung an där Affär gelueft.
Ma obschonn Lëtzebuerg op legalem Plang wuel konform mat europäeschen an internationale Reegelen ass, geet dat engem Deel vun der Oppositioun net wäit genuch.
Et stellt sech fir si nämlech d'Fro, ob alles, wat legal ass, och ethesch richteg ass an ob Lëtzebuerg deen Ënnerscheed net och sollt maachen. Den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement an den David Wagner vun déi Lénk.
„Ech stelle mir déi Fro, well d'Finanzplaz Käschten huet. A Steieroptiméierung voire aggressiv Steieroptiméierung huet Kollateralschied, generéiert Kollateralschied. Zum Deel hei zu Lëtzebuerg, wou Loyeren an d'Luucht ginn, Wunnengspräisser an d'Luucht ginn, d'Liewenskäschten an d'Luucht ginn, mä och an anere Länner, wou Staatskeese méi eidel sinn, wéi se misste sinn, doduerch d'Infrastruktur an de Koup fält. Ass alles wat legal ass, ethesch korrekt?“
„Mä mir ass et egal, ob et legal ass oder net legal ass. Iergend eng Kéier muss ee sech d'Fro stellen, ob et normal ass, wa grouss Betriber, wa se mat hiren Duechtergesellschaften hir Beneficer hei zu Lëtzebuerg, wa se hei de Sëtz hunn, hin an hierschieben, wa se bis um Enn bis zu 0,1 % Steieren bezuelen. Dat ass d'Realitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Wat fir e Salarié hei zu Lëtzebuerg bezilt 0,1% Steieren? Wat fir en Independant, Restaurateur bezilt 1% Steieren an der aktueller Situatioun? Si sinn am gaangen ze krepéieren."
D'Regierung huet hir Politik vun de leschte Joren iwwerdeems verdeedegt an eben op international Reegele verwisen, un déi ee sech géif halen an déi een och proaktiv mat gefërdert hätt.
Zousproch an där Approche krut si dann och vun den Oppositiounsdeputéierte vun der CSV an der Adr.
RTL NEWS: Reaktiounen: OpenLux beweist d'Transparenz vu Lëtzebuerg