De Finanzminister Pierre Gramegna an d’Justizministesch Sam Tanson stoungen de Méindeg de Moien den zoustännege Chamberkommissiounen iwwert OpenLux Ried an Äntwert.
D‘Regierung seet, et géing zu Lëtzebuerg keng Steiervirdeeler fir multinational Entreprisen an digital Entreprisë ginn. Den däitsche gréngen Europadeputéierte Sven Giegold huet dat "fake news made in Luxembourg" genannt. Hei zu Lëtzebuerg sinn déi Gréng an der Regierung: déi gréng Fraktiounscheffin sot am RTL-Interview, de Sven Giegold soll seng Virwërf emol beweisen. "Ech kann nëmme bezeien, datt mir an der Chamber Woch fir Woch Gesetzer stëmmen, déi Steierhannerzéiung oder Optimiséierung (…) ënnerbannen", sou d’Josée Lorsché. Der grénger Fraktiounscheffin no wier vill Kapital hei am Land, well d’Land attraktiv wier. Si nennt als Beispiller de soziale Fridden, d’politesch Stabilitéit, de Multilinguismus oder nach datt Lëtzebuerg "d'Land vun de kuerze Weeër" wier. Datt gelunge Persounen hei am Land Geschäfter maachen, dat kéint awer net sinn, sou d’Josée Lorsché. Dofir missten déi néideg Mechanismen op d’Bee gesat ginn, fir déi Leit aus de Geschäfter ze eliminéieren.
Wann ee kuckt, wéi vill d’Societéiten an d’Persounen hei am Land u Steiere bezuelen, da kéint een dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar no net vu Steieroase schwätzen. Hie seet awer och, datt eenzel Entreprisen tatsächlech vun "Net-Duebelbesteierungsaccorden" profitéiere kënnen. Dat géing et awer och an anere Länner ginn an de Laurent Mosar wënscht sech, datt och emol déi wierklech Steieroase géinge beliicht ginn ewéi zum Beispill den US-Bundesstaat Delaware.
Wat de Risiko vu Blanchiment ugeet, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding, et géing iwwerall op der Welt Mafioso ginn, och zu Lëtzebuerg. Hei am Land géing awer "besser" opgepasst ginn ewéi an anere Länner.
Datt d’international Press konnt hir Recherchë maachen, géing dann och weisen, datt Lëtzebuerg transparent ass, sou d’Deputéiert weider. Ass dann alles an der Rei? Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel seet: "ech mengen net". Et wier awer alles esou wäit an esou gutt ewéi een dat am Moment kéint. Lëtzebuerg géing sech "kontinuéierlech" verbesseren. De Sozialist verweist op de Vott nach en Dënschdeg an der Chamber iwwert nei Dispositiounen an der Lutte géint de Blanchiment.
Den David Wagner vun déi Lénk, dee sot sengersäits, datt bei aller berechtegter Kritik den Haapt-Business vun der Finanzplaz net dee wier, Mafiosien op Lëtzebuerg unzelackelen. Et wier awer esou, datt doduercher, datt d‘Finanzplaz op Steieroptimiséierung baue géing, vill Kapital an d’Land géing kommen. A wann ee vill Kapital unzitt, da géing dat noutgedrongen dozou féieren, datt och "louche Gestalten" an d’Land kéimen.
D'Efforte vun der Regierung fir Finanz-Transparenz ginn nach net duer: nach ëmmer géifen et op der Lëtzebuerger Finanzplaz ze vill Firme ginn, déi keng ekonomesch Substanz hätten. Och wier nach ëmmer net mat der Vergaangenheet vum "Secret" gebrach, déi e Steierparadäis géif auszeechnen.
Sou d'Reaktioun vum Collectif Tax Justice op d'Revelatiounen ënnert dem Numm OpenLux. Et kéint awer net sinn, datt sech lo hannert Excusë verstoppt gëtt, fir ze soen, datt ee sech un d'international Standarden hale géif, mee vill méi misst et eng politesch Volontéit ginn, fir d'Steierflucht vun de Superräichen a Multinationallen ze bekämpfen.
Fuerderunge vun Tax Justice sinn ënnert anerem d'Opstocke vun der CSSF, der Gerance vun de Firmen-Regësteren an der CRF um Niveau vum Parquet, d'Legiferéiere vun der "due diligence" fir privat Betriber an d'Verbessere vun de Gesetzer, déi d'Whistleblower schützen.
Den Invest vu Fongen (OPCen), déi hei am Land etabléiert sinn, a Firmen, deene kann d'Verknaschte vun der Ëmwelt reprochéiert ginn, mécht dem Kollektiv Suergen - genee sou wéi et Greenpeace denoncéiert hat.
All d'Nouvellen zum Sujet #openlux