Online-JournalismusReglement fir provisoresch Pressehëllef ugeholl

RTL Lëtzebuerg
D’Reglement iwwert déi provisoresch Pressehëllef fir Online-Journalismus gouf e Freideg am Regierungsrot ugeholl.
© Archiv

Am neien Text wiere puer Verbesserungen dran, sou de Staatsministère, dee keng Detailer nennt. Zanter puer Jore kréien Zeitungen och finanziell Hëllef fir hir Inhalter, déi um Internet publizéiert ginn. Eng grondleeënd Reform léisst nach op sech waarden.

De Regierungsrot huet donieft e Freideg eng Rei Reglementer ugeholl, déi Schutzzone ronderëm Grondwaasser-Quellen reegelen. Donieft waren et Transpositiounsgesetzer vun EU-Direktiven iwwert d’Zesummenaarbecht vun de Justiz-Autoritéiten.

Back to Top
CIM LOGO