
U sech sollt et ëm ee Gesetz goen, wouduerch d’Dierwiechter méi einfach solle kënnen ersat ginn, besonnesch elo an der Corona-Pandemie. Den Text spillt, wann den Huissier krank gëtt, oder Congé hëlt- d'Prozeduren, fir en Ersatz ze fannen, gi vereinfacht. Besonnesch fir déi dräi Dierwiechter zu Dikrech ass dat wichteg. Sollt et virkommen, datt een Huissier net vun engem aneren aus dem nämmlechten Arrondissement kann ersat ginn, soll de President vun den Dierwiechter kënnen decidéieren, datt een anere Remplaçant aus engem aneren Arrondissement kann asprangen.
De Charel Margue, deen och Rapporter vun deem Gesetzprojet war, huet gläichzäiteg d’Fro vun der territorialer Opdeelung opgeworf.
"Wa mir da Bezierker géifen opléisen bei den Dierwiechter an d’Land dann als ee Ganzt géife behandelen, ee Bezierk, ob dat dann net och eng Ännerung géif mat sech zéien op der Organisatioun vun den Affekoten. Ob mir dann nach zwee Barreauen hätten oder just ee Barreau."
Op dës Fro gouf et awer keng Äntwert vun der Justizministesch Sam Tanson. Déi war rosen iwwert dem Marc Goergen vun de Piraten seng Aussoen, d’Dierwiechter géife sech dacks wéi Ramboen opféieren, wa se Suen andreiwen.
"Vill Leit sinn an deene Fäll traumatiséiert iwwert dëst Behuelen, wann d’Dierwiechter direkt zu puer Mann an hir Wunneng andréngen. An do alles op d’Kopp geheien fir do eppes ze fannen, wat se kënnen zu Geld maachen. Psychologen stufen esou Aktiounen änlech wéi een Abroch oder Iwwerfall an."
Ouni d’Dierwiechter kéint de Jusitzapparat net richteg schaffen, huet d’Ministesch Sam Tanson d’Huissieren verdeedegt.
"Et ass ee reglementéierte Beruffsstand, wou ee muss dem Gesetz no präzis Konditiounen erfëllen, fir iwwerhaapt dierfen Dierwiechter ze ginn. Et ginn dräi Weeër fir d’Bierger fir sech ze mellen, wann et een Incident gëtt. Ech fannen et komplett irresponsabel als Deputéierten, heihinner ze kommen, an esou eppes ze soen. Ech fannen et gravisime."Fir datt d’Mesure, déi unanime gestëmmt gouf, och no der sanitärer Kris soll gëllen, gouf ee Gesetz gestëmmt, an d’Ännerunge gouf net iwwert ee Reglement grand-ducal geholl.
